Erkennt d’Regierung d’Potenzial vu Solarpanéil am Gleisbett un an hält se dat fir réaliséierbar?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu Photovoltaikanlagen op dem Schinnenetz un den Här Energieminister weider ze leeden.

 

Mir sinn doropper ugewisen ons erneierbar Energiequellen an Zukunft méi séier auszebaue fir esou onofhängeg vun de fossillen Energieträger ze ginn. An Däitschland gëtt dofir en Pilotprojet ënnerstëtzt, wou getest soll ginn op et méiglech ass Solarpanéil tëschent de Eisebunnsschinnen ze verbaue fir esou grénge Stroum ze produzéieren.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Ministesch stellen:

  • Erkennt d’Regierung d’Potenzial vu Solarpanéil am Gleisbett un an hält se dat fir réaliséierbar?
  • Sollten d’Resultater vum Pilotprojet positiv sinn, wär dann eng Zesummenaarbecht mat der Entreprise Bankset Energy an der Deutschen Bahn diesbezüglech ze envisagéieren?
  • Ass d’Regierung gewëllt bei esou innovativen Projet’en an Zukunft matzewierken? Wann jo mat wéi enge Mëttele wëll een dat ënnerstëtzen?

 

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

 

 

Zréck