Envisagéiert d’Regierung niewent den Maternitéen och Gebuertshaiser zouzeloossen, fir dat d’Fraen, déi dat wëllen, do kënnen accouchéieren?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un der Här Sozialminister weiderzeleeden.

 

A villen europäesche Länner, wéi beispillsweis an Däitschland, Frankräich an an der Belsch, hunn d’Fraen Méiglechkeet, an engem Gebuertshaus ze accouchéieren. Hei zu Lëtzebuerg besteet des Méiglechkeet bis elo nach net.  E Gebuertshaus erméiglecht eng perséinlech a ganzheetlech Begleedung vun der Fra wärend der Schwangerschaft duerch qualifizéiert Hiewanen. Doriwwer eraus fënnt d’Gebuert selwer an enger vertrauter an roueger Struktur statt, déi de Fraen eng zousätzlech Sécherheet gëtt. Gebuertshaiser géifen och d’Maternitéen entlaaschten.

Dofir wéilte mir an deem Kontext folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Soziales stellen.

  • Envisagéiert d’Regierung niewent den Maternitéen och Gebuertshaiser zouzeloossen, fir dat d’Fraen, déi dat wëllen, do kënnen accouchéieren?
    • Wa jo, wat fir Bedingungen muss esou e Gebuertshaus erfëllen?
    • Wa jo, gesäit d’Regierung e Qualitéitsmanagement fir Gebuertshaiser vir, esou wéi dat och an Däitschland de Fall ass?
    • Wa jo, ënnert wat fir engem Statut kéint esou e Gebuertshaus fonctionéieren?
  • Envisagéiert d’Regierung, am Fall, wou esou Gebuertshaiser zougelooss ginn, an der CNS-Nomenclature Tariffer, déi och de Betribskäschten vun den Haiser Rechnung droen?
  • Envisagéiert d’Regierung, am Fall, wou esou Gebuertshaiser zougelooss ginn, eng speziell Fortbildung fir d’Hiewanen, déi do aktiv sinn?
  • Envisagéiert d’Regierung, am Fall wou esou Gebuertshaiser zougelooss ginn, eng Erweiderung vun de Kompetenzen vun den Hiewanen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Martine Hansen

 

Zréck