Ënnert wéi enge Konditiounen däerf e Proprietär e Bam, deen an enger Réserve naturelle steet, oder e “Biotopbam”, ëmmaachen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Sécherheet an enger Réserve naturelle un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.

 

De Klimawandel bréngt mat sech datt déi dréchen-waarm Perioden ëmmer méi laang ginn. Rezent Etudë weisen dorop hin, dass de Lëtzebuerger Bësch an engem ëmmer méi schlechtem Gesondheetszoustand ass an  d’Experte ginn dovun aus, dass dësen Trend weider zouhuele wäert. An engem Bësch deen an engem schlechten Zoustand ass, besteet de Risiko, datt  ëmmer méi Beem ëmfalen oder brieche well d’Beem duerch d’Dréchent an/oder de Borkenkäfer geschwächt sinn. A sengem Bësch dierf de Proprietär natierlech Beem déi krank sinn ëmmaachen, mee wann dëse Bësch an enger Réserve naturelle läit oder de Bam als „Biotopbam“ ausgewisen ass, ass de Proprietär a sengem Handelen ageschränkt.

 

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Ënnert wéi enge Konditiounen däerf e Proprietär e Bam, deen an enger Réserve naturelle steet, oder e “Biotopbam”, ëmmaachen?
  • Wat fir Prozedure muss de Proprietär ggf. an esou engem Fall anhalen?
  • Wéi gëtt assuréiert dat hei zäitno ka gehandelt ginn?

 

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert

Deputéierten

Zréck