Eng effikass Brandbekämpfung wa Bëscher a Wise brennen ass de Loftwee. Air Rescue huet Medieninformatiounen no dat deementspriechend Material, kann et awer net asetzen well d’Piloten eng speziell Formatioun maache mussen.

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et am Artikel 83 virgesäit, bieden ech Iech, folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden

Duerch déi grouss Hetzt hunn op verschiddene Platzen am Land Bëscher a Wise gebrannt. Eng effikass Brandbekämpfung vun sou Bränn ass de Loftwee, duerch entweder ee speziell equipéierten Helikopter oder ee Läschfliger. Laut Medieninformatiounen huet Air Rescue dat deementspriechend Material an hirem Besetz, kann et awer net asetze well Piloten eng speziell Formatioun musse besetzen där hire Käschtepunkt sou héich ass, dass d’Air Rescue déi mat hire Mëttelen net stemme kéint.

Wessend dass den Helikopter vun der Air Rescue mëttlerweil ee wichtege Bestanddeel vun dem Rettungswiesen duerstellt, géif ech der Madamm Inneministesch gäre folgend Froe stellen :

  • Kann Madamm Minister mir déi uewe genannte Problematik bestätegen ?
  • Wa jo, ass Madamm Minister net der Meenung, dass et un der Zäit wier, dass de Staat déi Formatioun vun de Pilote géif iwwerhuelen ?
  • Wa nee, wat schwätzt dergéint ?
  • Ass Madamm Minister bereet mat den Acteuren aus der Groussregioun Gespréicher opzehuele fir zb eng géigesäiteg Hëllefsstellung am  Fall vu Bësch- oder Flächebränn ze garantéiere respektiv fir gemeinsamt Material unzeschafen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen

 

 

 

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

Zréck