En Nuetsuerverbuet vu Méiroboter fir d’Kéiseker ze schützen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit weiderzeleeden.

Déi automatiséiert Méiroboter sinn och zu Lëtzebuerg säit e puer Joer ëmmer méi beléift, well se den Entretien vum Wues staark vereinfachen. Leider hunn dës Gefierer awer och Nodeeler, well déi Modeller, déi net mat de néidege Sensoren equipéiert sinn an ronderëm d’Auer an den Asaz kommen, kennen Déiere, déi sech an der Wiss ophalen, verletzen oder dout maachen. Besonnesch betraff ass de Kéiseker, deen nuets aktiv ass an net virun der Gefor flücht. Fir de Kéiseker ze schützen hunn an Däitschland dowéinst d’Stied Köln a Leipzig een Nuetsfuerverbuet fir Méiroboter decidéiert.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit  stellen:

  • Ass dem Här Minister dëse Problem bekannt?
  • Huet den Här Minister Zuelen iwwert wéi vill Kéiseker duerch Méiroboter verletzt goufen oder ëmkomm sinn ?
  • Gedenkt den Här Minister, d’Leit ze sensibiliséieren iwwert d’Gefore vun de Méiroboter fir de Kéiseker?
  • Wéi steet d’Regierung zu der Aféierung vun engem Nuetsfuerverbuet fir Méiroboter?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck