Ëffentlech Unhéierung am Kader vum Contournement Alzeng

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt : QP3740

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert déi ëffentlech Unhéierung am Kader vum Contournement Alzeng un den Här Nohaltegkeetsminister weiderzeginn.

Mat der Weiderentwécklung vum Ban de Gasperich an der Fäerdegstellung vum Hypermarché Mëtt 2019 gëtt d’Verkéiersopkommes an den nächste Joren am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg sécher nach méi grouss. Dëst huet natierlech och direkt Auswierkungen op Gemeng Hesper.

Bei der Presentatioun vun deene jeeweilegen Tracéë fir de geplangte Contournement Alzeng ass de Gemenge Réiser an Hesper am Laf vum leschte Joer gesot ginn, dass consultation publique (“environmental impact assessment” Prozedur vun der Directive  97/11/EC) vum Module Sud vun der neier N3 spéitstens an der éischter Halschent vum Joer 2018 géif ofgehale ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Nohaltegkeetsminister riichten

 

  • Wou sinn déi jeeweileg Avisen iwwert de Contournement vun Alzeng drun?
  • Wéini gëtt déi ëffentlech Unhéierung definitiv declenchéiert?
  • Wéini kann ee mam éischte Gesetzestext zum Contournement Alzeng rechnen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies                                                     Diane Adehm

Deputéiert

 

Zréck