D’Uni.lu offréiert hire Studenten an hirem Bureau de Soutien Psychologique professionelle Bäistand. Wann e Student dës Offer an Usproch huele wëllt, wéi laang muss hien ongeféier waarde bis en un d’Réi kennt?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung weiderzeleeden.

 

Fir Studenten, déi wéinst Problemer mat der mentaler Gesondheet op professionell Hëllef ugewise sinn, offréiert d’Uni.lu hire Studenten an hirem Bureau de Soutien Psychologique professionelle Bäistand. 3 Psychologen an en Team Leader stinn bereet, fir betraffene Studenten éischt psychologesch Hëllef ze leschten a si ze beroden, wéi se weider solle virgoen am Fall vun enger Depressioun. Allgemeng ass och gewosst, dass de Besoin fir esou Consultatioune mat der Covid-19 Pandemie bäigeholl huet wat verschidden Unien am Ausland och dozou beweegt huet ähnlech Servicer ewéi de Bureau de Soutien Psychologique personell massiv opzestocken.

 

An dësem Kontext, géinge mir gäer folgend Froen un den Här Minister fir Fuerschung an  Héichschoul stellen:

 

  • Wann e Student dës Offer an Usproch huele wëllt, wéi laang muss hien ongeféier waarde bis en un d’Réi kennt?
  • Verfüügt de Ministère iwwer Zuelen iwwert d’Evolutioun vun de Consultatiounsstonnen iwwert déi lescht Joren?
  • Ass de Minister der Meenung, dass déi aktuell personell Opstellung vun 3 Psychologen an engem Team Leader der aktueller Demande no psychologesche Consultatioune gerecht gëtt, oder gedenkt den Här Minister den Dialog mat de Responsabele vun der Uni.lu ze siche fir iwwert eng eventuell personell Opstockung vum Bureau de Soutien Psychologique ze diskutéieren?

 

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Max Hengel                                                            Martine Hansen

Deputéierten                                        Deputéiert a Co-Fraktiounspresidentin

 

Zréck