Dramatesche Bilan op eise Stroossen

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Op enger Pressekonferenz vum 22. Juni 2023 huet den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten erkläert, dass et am Joer 2022 op eise Stroossen 35 déidlech Verkéiersaccidenter gouf. De Radiosender „100,7“ mellt dobäi 36 Verkéiersdoudeger fir d’Joer 2022. Dat ass eng Hausse vu 67 % par Rapport zum Joer virdrun. Dës weidere louch d’Zuel vun de Schwéierblesséierten d’lescht Joer bei 267 Persounen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Wéi eng Ursaache gesäit d’Regierung fir déi signifikant Hausse un déidleche Verkéiersaccidenter?
    • Wéi vill vun deenen Accidenter sinn bedéngt duerch aaner motoriséiert Gefierer wéi Auto’en geschitt?
    • Wéi eng Konsequenzen zitt d’Regierung aus dëse Resultater?
    • Gedenkt d’Regierung hir Preventiounspolitik samt de Campagne nei ze iwwerdenken?
  • Wéi effektiv sinn d’Radaren, d’Alkoholkontrollen an d’Vitesslimitatiounen op eise Stroossen?
    • Kann d’Regierung heivir quantifizéierbar Erklärunge virweisen?
    • Kann d’Regierung een detailléierte Bilan mat den Ursaache vun de schwéieren an déidlechen Accidenter dresséieren?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen

Nancy Arendt, ép. Kemp

Deputéiert

 

Zréck