Den Handling vum Cargozenter soll net méi vun der Luxair assuréiert ginn. Wéi eng Konsequenze kéinte fir déi ronn 1200 Mataarbechter beim Cargo Handling entstoen?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

D’Luxair, déi bis dato den Handling vum Cargozenter um Findel assuréiert huet, huet Enn Mee a sengem Verwaltungsrot Decisioun getraff, net méi bei der aktueller ëffentlecher Ausschreiwung matzemaachen. Dës Decisioun wier strategesch, well sech d’Luxair an Zukunft op d’Airline wéilt konzentréieren. Deemno ginn elo zwou aner Gesellschafte gesicht, déi fir 7 Joer den Handling vu Cargo iwwerhuele sollen, an een Invest, deen op 200 Milliounen Euro geschat gëtt, missten iwwerhuelen. RTL-Informatiounen no hunn nieft der Cargolux zwou weider Gesellschafte bei der ëffentlecher Ausschreiwung matgemaach.

 

An dem Kontext wéilt ech folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Kann den Här Minister eis méi konkret soe wéini mat enger Decisioun iwwert d’Ausschreiwung gerechent ka ginn?
  • Wéi eng Konsequenze kéinte fir déi ronn 1‘200 Mataarbechter beim Cargo Handling entsoen?
  • Wat sinn déi méiglech Auswierkungen heivun op aner Servicer vun der Luxair, respektiv op de Flughafen selwer?

 

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck