Den Deputéierte Marc Spautz freet Präzisiounen a Statistiken zu den Decisioune vum Kontrolldokter

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 904

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Secherheet  weider ze leeden.

Am Fall wou en Employé wingst Krankheet oder engem Accident e Krankeschäin huet, kann op Uerder vun der CNS oder vum Employeur selwer den Employé bei de Kontrolldokter geruff ginn.

 

An deem Kontext well ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

–          Wei vill Leit goufe fir d´Joren 2017 an 2018 bei de Kontrolldokter geruff?

–          Wei vill Leit goufen nom Kontrolldokter erëm schaffen geschéckt?

–          Wei vill Kontestatioune goufe géint d´ Decisioune vum Kontrolldokter gemaach?

–          Déi behandelnt Dokteren vu Patienten di no der Visitt beim Kontrolldokter erëm schaffe geschéckt ginn, ginn an engem gewëssen Moos duerch des Decisioun „desavouéiert“. Ginn et an deem Kontext Konsequenzen?

–          Am Fall vu Laangzäitkrankeschainer,ginn et do Statistike betreffend d´ Unzuel vu kierperleche respektiv de psychologesche Krankheeten?

 

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

 

Marc Spautz

Deputeierten

 

Zréck