Den 9. Abrëll ass déi sougenannte CON-VINCE Etude lancéiert ginn déi virgesäit datt 1.500 Awunner aus dem Grand-Duché sollen op Anticorps géint de COVID-19 Virus getest ginn. Eisen Informatiounen no hunn déi Leit déi bis elo bei der Etüd matgemaach hu gesot kritt si géifen informéiert ob si immun géint de COVID-19 Virus wieren oder net. Gouf des Prozedur agehalen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Den 9. Abrëll ass déi sougenannte CON-VINCE Etude lancéiert ginn déi virgesäit datt 1.500 Awunner aus dem Grand-Duché sollen op Anticorps géint de COVID-19 Virus getest ginn. Ziel ass et den Ausmooss vun den Infektiounen ze gesinn, d’Prävalenz vun der COVID-19 Infektioun an der Lëtzebuerger Bevëlkerung ze gesinn an ze verstoen, fir d’Ausbreedung vum Virus an den Immunstatus vun der Populatioun ze bewäerten.

Eisen Informatiounen no hunn déi Leit déi bis elo bei der Etüd matgemaach hu gesot kritt si géifen informéiert ob si immun géint de COVID-19 Virus wieren oder net. Anscheinend wier dat awer net esou an d’Leit géifen nom Test keng weider Informatioune kréien.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Kann d’Madamm Minister dës Informatioune bestätegen?
  2. Wa jo wat sinn d’Grënn fir d’Leit net ze informéieren?
  3. Wéi vill Tester goufe bis elo gemaach?
  4. Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt et sënnvoll wier déi kontrolléiert Leit awer ze informéieren ob si Anti-Corps géint de COVID-19 hunn?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                 Jean-Marie Halsdorf

Deputéiert                                         Deputéierten

 

Zréck