Den 13. Juli huet d’Chamber dat neit Agrargesetz gestëmmt. Den Text gesäit eng ganz Rei groussherzoglech Reglementer fir, déi awer leider ëmmer nach net alleguer am Memorial publizéiert goufen. Wéi vill groussherzoglech Reglementer stinn nach aus?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Den 13. Juli huet d’Chamber dat neit Agrargesetz gestëmmt. Den Text gesäit eng ganz Rei groussherzoglech Reglementer fir, déi awer leider ëmmer nach net alleguer am Memorial publizéiert goufen. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Wéi vill groussherzoglech Reglementer si bis den 1. September publizéiert ginn?
  • Wéi vill groussherzoglech Reglementer stinn nach aus?
    • Wéini gi se publizéiert?
  • Kann den Här Minister ausschléissen, datt et zu Retarde beim Ausbezuele vun de Primme kënnt, well déi entspriechend groussherzoglech Reglementer feelen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck