Déi grouss Lëtzebuerger Fournisseuren hunn annoncéiert, dass déi nächst Gasrechnungen nach eemol wäerten an d’Luucht goen. Plangt d‘Regierung een Hëllefspak? Wa jo, wei gesäit dëse Pak aus ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden, dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister, den Här Minister fir Energie, d’Madamm Familljeministesch, den Här Wirtschaftsminister an den Här Mëttelstandsminister weiderleeden.

Déi grouss Lëtzebuerger Fournisseuren hunn annoncéiert, dass „déi nächst Gasrechnungen nach eemol wäerten an d’Luucht goen. D’Avancen am Hierscht wäerte wuel ëm ronn 80 Prozent gehéicht ginn, soen Enovos a SUDenergie“, sou RTL.

An deem Kontext dränge sech e puer Froen op:

  • Wéi gedenkt d’Regierung, de ronn 90.000 Clienten ze hëllefen, wëssend dass sou eng enorm Präiserhéijung sämtlech Schichten a vill Betriber wäert treffen ?

 

  • Plangt d‘Regierung een Hëllefspak? Wa jo, wei gesäit dëse Pak aus ?

 

  • Wéini sollen dës Mesuren a Kraaft trieden ?

 

Respektvoll,

 

Marc Spautz
Deputéierten

Zréck