De Projet vum Ausbau vum Rëmelenger Altersheim läit nach ëmmer op Äis. Wéini gëtt de CIPA Rëmeleng endlech den haitege Besoinen ugepasst?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un d‘ Madamm Familljeministesch an un den Här Minister fir ëffentlech Bauten weiderzeleeden.

Den CIPA zu Rëmeleng entsprécht net méi den haitegen Besoinen. Dofir huet de Gestionnaire SERVIOR virun enger Rei Joren e Projet presentéiert vir d´Gebailechkeeten ëmzebauen.

Aktuell läit de Projet awer nach ëmmer op Eis.

An der Aktualitéitsstonn vum 23.Oktober, déi d‘ CSV zum Drëtten Alter ugefroot haat, sot d´Madamm Ministesch dat Servior vum Ministère den offiziellen Optrag kritt huet dësen Dossier ze kucken fir dass dësen elo definitiv „désengorgeiert“ gëtt fir dat Rëmeleng endlech kann gebaut ginn.

 

Aus deem Grond,well ech folgend Froen un d‘ Madamm Familljeministesch an un den Här Minister fir ëffentlech Bauten stellen:

  1. Wat fir eng Zäitschinn ass virgesinn fir déi “Baublockad” ze léisen?
  2. Wat ass de Käschtepunkt, fir aus dem Litige mat dem Architektebüro eraus ze kommen? Wien dréit des Käschten?
  3. Besteet schonns een APS vum fréieren ugeduechte Projet an kann dësen APS 1:1 iwwerholl ginn fir den néien Projet ze realiséieren?
  4. Wann nee, wéi vill Méikäschten wäerten entstoen?
  5. Wéi eng Zäitschinn ass virgesinn fir d‘ Opstellen vum APS, APD, COMODO an d’Ofstëmmen vum Gesetz an der Chamber?
  6. Wéini soll den néie Projet de politeschen Responsabelen an de Leit vun Rëmeleng presentéiert ginn?

Mat déiwem Respekt,

 

 

 

 

 

Marc Spautz

Deputéiert

Zréck