D’Beruffsausbildung bitt eng ronn 120 Formatiounen un. Fir dass déi betraffe Schüler och reusséieren, mussen Léierplazen an ausräichendem Mooss zur Verfügung stoen.

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech dës parlamentaresch Fro un d‘Häre Ministere fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft a fir Educatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.

 

D’Beruffsausbildung bitt eng ronn 120 Formatiounen un. Fir dass déi betraffe Schüler och reusséieren, mussen Léierplazen an ausräichendem Mooss zur Verfügung stoen.

 

Dowéinst wéilt ech folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

 

  • Wéi vill Léierplazen sinn aktuell vun de Betriber gemellt ginn?

 

  • Wéi vill vun deene Léierplazen si besat?

 

  • A wéi enge Beruffssparten gëtt dual ausgebilt? Wéi där Ausbildungen sinn dat pro Spart?

 

  • Wéi vill grenziwwerschreidend Ausbildungen an Ausbildungsverträg goufe bis dato ënnerschriwwen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck