Däitschland a Frankräich erlabe just nach “All-Weather” Pneue mat Schnéiflack a Bierg : Wéi reagéiert Lëtzebuerg ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden.
Aus Medieberichter geet ervir, datt vum 1. Oktober un an Däitschland an ab dem 1. November a Frankräich All Wieder Pneuen, déi kee Symbol mat enger Schnéiflack an engem Bierg hunn, net méi erlaabt sinn, well si net méi als Wanterpneuen duerchginn. All Wieder Pneuen, déi nëmmen een M+S Symbol hunn, géiffe keng optimal Haftung bei wanterleche Wiederkonditiounen garantéieren.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
Éischten Informatiounen no ginn dës Pneuen bei eis am Land net verbueden. Kann d’Madame Ministesch dat confirméieren?
Wéi grouss ass de Risiko, dass mir esou ee Verbuet duerch d’Hannerdier géife kréien, andeems dës Pneuen zum Beispill net méi géifen ugebuede ginn?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp
Deputéiert

Zréck