Ass zanter dem 23. Mäerz nach Impfstoff op Lëtzebuerg geliwwert ginn, a wa jo wéi vill Dose si vun den eenzelen Hiersteller ukomm?

 

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Vu datt Corona-Pandemie esou wäit eriwwer ass, publizéiert de Gesondheetsministère zanter dem 23. Mäerz keng Wocheberichter mat de Statistike méi. Aus dëse Rapporten ass och ervir gaangen, wéi vill Impfstoff an der jeeweileger Woch geliwwert goufen. Eng Rei europäesch Länner hunn d’EU-Kommissioun opgefuerdert, nach eng Kéier mat den Hiersteller ze verhandelen, well praktesch kee Vaccin méi gebraucht gëtt. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Gesondheetsministesch stellen:

  • Ass zanter dem 23. Mäerz nach Impfstoff op Lëtzebuerg geliwwert ginn, a wa jo wéi vill Dose si vun den eenzelen Hiersteller ukomm?
  • Wéi vill Dosen huet Lëtzebuerg nach an der Reserve?
  • Wat passéiert mat dësen Dosen, vu datt bal keng Nofro méi do ass?
  • Huet Lëtzebuerg sech dofir agesat, datt d’EU-Kommissioun nach eng Kéier mat den Impfstoff-Produzenten noverhandelt, fir d’Liwwerungen ze reduzéieren, respektiv ganz ze stoppen?
    • Wa jo, wat ass bis elo an dem Dossier geschitt?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz,

Deputéierten

Zréck