Ass virgesinn, dass de Staat an Zukunft nei Gebailechkeeten « op Mooss » baue léisst ? Wa jo, ginn déi Gebaier da vum Staat gelount ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister, weiderzeleeden.

 

Fir d’Progressioun um Niveau vun de lafenden Ausgaben an de Fonctionnementskäschten ze limitéieren, huet Regierung ënnert anerem decidéiert, nei Gebailechkeete fir Staatsverwaltunge prioritär ze lounen an net méi, wéi an der Vergaangenheet, ze kafen.

 

An deem Kontext wéilte mir follgend Froen un den Här Finanzminister riichten :

 

  • Wéi gëtt de Loyer berechent, deen de Ministère an Zukunft bereet ass, fir Raimlechkeete fir seng Verwaltungen ze bezuelen? Gett sech dobäi un den aktuelle Marchéspräisser orientéiert, mat oder ouni Decote ?

 

  • Wëssend, dass d’Ufuerderungen u Gebailechkeeten an der Fonction Publique méi héich si wéi déi vun der Inspection du travail et des mines, wéi wëllt den Här Minister hei virgoen?

 

  • Ass den Här Minister gewëllt, bestoend Gebaier ze lounen ? Wa jo, wei gëtt séchergestallt, dass an deem Fall all Krittäre vun der Fonction publique respektéiert ginn ?

 

  • Ass virgesinn, dass de Staat an Zukunft nei Gebailechkeeten « op Mooss » baue léisst ? Wa jo, ginn déi Gebaier da vum Staat gelount ?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Diane Adehm                                   Marc Lies

 

Deputéiert

Zréck