Ass et zu weidere Komplikatioune bei den Aarbechten am Tunnel Schieburg komm?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

Säit dem 27. August 2022 ass den Tunnel Schieburg op der Nordzuchstréck tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz gespaart. Doduerch feelt eng wichteg Zuchverbindung zu Lëtzebuerg, virun allem fir d’Leit aus dem Norden. Bei enger rezenter Pressekonferenz vun der CFL ass kloergestallt ginn, dass den Tunnel net wéi geplangt no der Ouschtervakanz rëm konnt opgoen. Zënterhier ass kee konkreten Datum gewosst, wéini d’Linn 10 rëm operabel ass. Doriwwer eraus geet aus enger rezenter Äntwert op d‘parlamentaresch Fro N°7975 ervir, dass elo schonns geplangt ass, déi genannte Stréck fir den Zuchverkéier am Zäitraum vum 19. August bis den 10. September 2023, wou och d’Fouer stattfënnt, um Tronçon Ettelbréck-Gouvy, ze spären.

 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Kann den Här Minister eis soe wat den aktuelle Stand vun den Aarbechten am Tunnel Schieburg ass?
  • Ass et zu weidere Komplikatioune bei den Aarbechten am Tunnel Schieburg komm?
  • Wéini soll déi genannte Stréck nees fir den Zuchverkéier opgoen?
  • Firwat sinn d’Entretiensaarbechten, déi fir den Zäitraum August bis September 2023 geplangt sinn, net elo gemaach gi wou d’Stréck souwisou zou war, respektiv zou ass?

 

 

Här President, mir bieden Iech dës Fro, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                          Emile Eicher

Deputéiert                                                  Deputéierten

 

 

Aly Kaes                                                 Jean-Paul Schaaf

Deputéierten                                                 Deputéierten

Zréck