Här President,
Sou wéi d’ Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro d‘ Madamm Gesondheetsministesch an un d‘ Madamm Familljeministesch weiderzeleeden.
Haut goufen d’ Phasen 1 bis 6 vun der Impfcampagne virgestallt.
An dësem Kontext wëlle mir folgend Froe betreffend d‘ Impfstrategie an den Alters- a Fleegeheemer a Strukture fir handicapéiert Leit stellen:
- Ass et richteg datt just fest agestalltend Personal geimpft gëtt? Wa jo, firwat?
- Firwat gëtt net dat Gesamtpersonal geimpft, y compris d‘ Botzpersonal wat all Dag an den Zëmmeren ass?
- Wéi kann esou sécher gestallt ginn dat de „ cordon sanitaire“ agehale ka ginn?
- Gin d‘ Stagiairen an den Haiser och invitéiert sech impfen ze loossen?
- Wéini ginn Bewunner di elo erreicht rezent nei an d‘ Haiser ageplënnert si resp. déi di demnächst eraplënneren geimpft? Gett et do e Plang?
Mat beschte Gréiss
Marc Spautz Martine Hansen
Deputeierten
Zréck