Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Waasserkraaftwierk zu Rouspert eng Zukunft huet?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fannt der hei :

QP1602centralerosport

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit weider ze leeden.

D’Waasserkraaftwierk zu Rouspert gëtt et säit 1960 an et gëtt fir de Kont vun der Gesellschaft Soler a vun der Gesellschaft SEO bedriwwen. Leider ass d’Kraaftwierk duerch d’Jorhonnerthéichwaasser vun 2021 esou staark beschiedegt ginn, dass et säitdeem ausser Betrib ass. De Kanal ass réischt e puer Joer virum Héichwaasser vun 2021 komplett erneiert ginn a steet zënterhier eidel. Virum Héichwaasser vun 2021 huet d’Kraaftwierk Stroum fir ronn 5.300 Stéit produzéiert. D’Waasserkraaft huet de grousse Virdeel, dass se 24/7 ka Stroum produzéieren, an domat eng Grondlaascht ka sécherstellen.

Eng Expertis huet erginn datt d’Waasserkraaftwierk misst komplett erneiert ginn. Déi zoustänneg Verwaltungen a Ministèren hunn sech déi läscht Jore mat der Fro beschäftegt, ob d’Kraaftwierk nees a Betrib geholl soll ginn an et goufen divers Etude realiséiert. D’Thema vun der nationaler Consultatioun zur den erneierbaren Energien, dem sougenannten Energiedësch wor “Einfach – Séier – Erneierbar”. Am Kontext vum Waasserkraaftwierk, musse mir leider feststellen, datt et weder einfach nach séier viru geet.

Onsen Informatiounen no ginn aktuell verschidde Variante fir d’Erneierung ausgeschafft a gepréift. Am Sënn vun der simplification administrative a virum Fait datt wärend méi wéi 60 Joer op genee dëser Plaz e Waasserkraaftwierk bedriwwe gouf, misst d’Erneierung an onsen An scho laang an der Ëmsetzung sinn.

 

An deem Kontext hu mir follgend Froen un déi dräi Ministeren  :

  • Sinn d’Ministeren der Meenung, dass d’Waasserkraaftwierk zu Rouspert eng Zukunft huet?
  • Wa jo, wéini läit en definitiv Konzept fir d’Erneierung um Dësch a wéini kënnen d’Erneierungsaarbechten ufänken?
  • Wéini wäert d’Kraaftwierk nees un d’Netz goen?
  • Wat sinn d’Risike wann de Kanal nach wärend e puer Joer eidel bleift?
  • Ginn et scho konkret Gespréicher mam Bedreiwer fir d’Erneierung vum Pachtvertrag, deen an e puer Joer auslafe wäert?

 

Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Stéphanie Weydert                                                                Jeff Boonen

Deputéiert                                                                           Deputéierten

Zréck