Ass d’Regierung bereet, fir d’Käschte vum Vaccin Shingrix vun deene Leit ze iwwerhuelen, déi sech tëschent dem 26. September 2022 an dem 31. Mäerz 2023 géint Gürtelros impfe gelooss hunn?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

De 26. September 2022 huet de Conseil supérieur des maladies infectieuses eng Recommandatioun eraus ginn, datt Leit iwwer 65 Joer, respektiv Leit, déi Immundefiziter hunn, sech solle géint d’Gürtelros impfe loossen. D’Käschte vir de Vaccin Shingrix sinn allerdéngs héich. Den 12. Abrëll 2023 huet de Gesondheetsministère matgedeelt, datt d’Direction de la Santé den Impfstoff vun Abrëll un gratis zur Verfügung stellt.  An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Gesondheetsministesch stellen:

  • Ass d’Regierung bereet, fir d’Käschte vum Vaccin Shingrix vun deene Leit ze iwwerhuelen, déi sech tëschent dem 26. September 2022 an dem 31. Mäerz 2023 géint Gürtelros impfe gelooss hunn?
    • Wa jo, wéi fonctionéiert de Remboursement an der Praxis?
    • Wann nee, fir wat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies,

Deputéierten

 

Zréck