Sinn déi digital Bezuelsystemer hei zu Lëtzebuerg op de Fall vun engem Stroumausfall preparéiert ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie weiderzeleeden.

A rezente Medieberichter an der europäescher Press iwwer d’Konsequenze vun eventuelle Perturbatioune vun der allgemenger Stroumversuergung gëtt sech Suerge gemaach ëm d’Standfestegkeet vun digitale Bezuelsystemer, ëm de Fonctionnement vu Geldautomaten an domat ëm d’Disponibilitéit vu Boergeld souwéi och ëm d’Stabilitéit vun der Finanzmaart-Infrastruktur.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Energie stellen :

  • Ass Lëtzebuerg an de genannte Beräicher op de Fall vun engem Stroumausfall preparéiert ?
    • Wa jo, wéi eng Mesure si geholl ginn, fir de Fonctionnement vun digitale Bezuelsystemer, d’Disponibilitéit vu Boergeld an d’Stabilitéit vun der Finanzmaart-Infrastruktur z’assuréieren ?
    • Wann net, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck