D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP789
Här President,
Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un d‘ Madamm Inneministesch weider ze leeden.
Laut eisen Informatioune feelt et a ville CGDIS`en souwuel un berufflechem Personal wei och un Benevolle fir di deeglech Erausfuerderungen ze meeschteren.
An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d‘ Madamm Inneministesch stellen;
- Wei vill berufflecht Personal gouf bis elo rekrutéiert?
- Wei vill Leit sollen dëst Joer agestallt ginn?
- A wei enge Zentere sinn si affektéiert ginn?
- Wei well d´Madamm Ministesch de Rekrutéierungsproblem léisen?
- Ass e Joresplang virgesi wei soll rekrutéiert ginn?
- Gesäit d‘ Regierung vir sech méi finanziell Mëttelen ze ginn fir de Corps ze verstäerken?
Mat déiwem Respekt,
Françoise Hetto
Députeierten
Zréck