Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weiderzeginn.
D’Planzenaart Cyperus esculentus, bekannt als Erdmandelgras, staamt ursprénglech aus Afrika respektiv aus Westasien. D’Onkraut huet sech mëttlerweil och an Europa ausgebreet. An de leschte Joren ass et an e puer europäesche Länner als besonnesch invasiivt an agrarwirtschaftlech problematescht Gewächs erkannt ginn. Dës Aart breet sech haaptsächlech iwwer Knëllercher séier aus a gëllt als resistent géint déi gängeg Bekämpfungsmëttel. D‘Bekämpfung ass deier an zäitintensiv, besonnesch wann de Befall net fréi erkannt gëtt. A verschiddenen Nopeschlänner gëtt Cyperus esculentus als Gefor fir d’Erträg an d’Biodiversitéit ugesinn.
An dësem Kader wollte mir déi follgend Froen un den Här Ëmweltminister stellen:
- Ass d’Aart Cyperus esculentus zu Lëtzebuerg schonn offiziell detektéiert ginn?
- Wa jo, wéini a wou genau?
- Wa jo, wat fir Schied bei den Erträg oder bei der Biodiversitéit sinn zu Lëtzebuerg bis elo duerch d’Aart dokumentéiert ginn?
- Ginn et national Moossnamen, fir dës invasiv Aart z’identifizéieren, ze kontrolléieren oder ze bekämpfen?
- Sinn Informatiounscampagnë geplangt, fir d’Baueren ze sensibiliséieren? Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Jeff Boonen, Deputéierten Octavie Modert, Deputéiert