Ass de Ministère am Dialog mat lokalen Acteure wéi der Sécurité Routière an dem ACL iwwert d‘Auswierkunge vum Cannabiskonsum op d’Fuerverhalen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden.

Wéi aus Medieberichter ervirgeet, huet den däitschen ADAC eng Etude gemaach iwwert d’Auswierkunge vum Cannabiskonsum op d’Fuerverhale vun den Automobilisten. An dëser gouf festgestallt, datt de Konsum vu Cannabis däitlech negativ Auswierkungen op d’Fuerverhale vun den Testpersounen hat, an datt een eréischt 20 Stonnen nom Konsum konnt vun engem feelerfräie Fuerverhale schwätzen. Opgrond vun dëse Resultater recommandéiert den ADAC de Leit, déi geleeëntlech Cannabis konsuméieren, sech 24 Stonnen dono net hanner d’Steier vun engem Gefier ze setzen.

An deem Kontext woll ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:

• Ass der Madame Ministesch dës Etude bekannt?
• Ass de Ministère am Dialog mat lokalen Acteure wéi der Sécurité Routière an dem ACL iwwert d‘Auswierkunge vum Cannabiskonsum op d’Fuerverhalen?
• Gedenkt de Ministère änlech Recommandatiounen och zu Lëtzebuerg eraus ze ginn?
Här President, Mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck