ArcelorMittal wëll seng klimaneutral Stolproduktioun an Däitschland opginn, wéi gesinn d’Pläng fir Lëtzebuerg aus?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister an den Här Aarbechtsminister weider ze leeden.

ArcelorMittal huet ugekënnegt, seng Pläng fir eng klimaneutral Stolproduktioun an Däitschland opzeginn – konkret un de Standuerter Bremen an Eisenhüttenstadt. D’Entreprise verzicht domat op staatlech Fördermëttele vun am Ganze ronn 1,3 Milliarden Euro fir Waasserstoffprojet’en. Als Begrënnung gëtt ArcelorMittal un, datt d’Energie- a Stroumpräisser an Däitschland ze héich an onberechenbar sinn, wat eng wirtschaftlech ëmsetzbar Transitioun op gréng Stolproduktioun onméiglech mécht. Stattdesse wäert d’Firma an Zukunft op Elektrolichtbogenöfen setzen – virun allem a Länner wéi Frankräich, wou d’Energiepräisser méi stabil a virausberechent sinn.

An dësem Kontext géife mir gäre follgend Froen un de Minister stellen:

  • Sinn der Regierung Informatioune bekannt, ob d’Decisioun vun ArcelorMittal, déi gréng Stolproduktioun an Däitschland zréckzeféieren, en Impakt op geplangten oder lafend Investissementer zu Lëtzebuerg huet?
  • Ginn et Indizien oder Signaler vun ArcelorMittal, déi op eng méiglech Restrukturéierung oder Reduktioun vun de Produktiounskapazitéiten zu Lëtzebuerg hindeiten?
  • Wéi steet et aktuell ëm d’Pläng vun ArcelorMittal fir d’Dekarboniséierung vun de lëtzebuergesche Standuerter?
  • Huet d’Regierung vun ArcelorMittal Garantië kritt betreffend der Sécherung vun den Aarbechtsplazen op de lëtzebuergesche Standuerter?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Jeff Boonen                                                   Françoise Kemp

Deputéierten                                                Deputéierten

Zréck