A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°904 erkläert de Minister fir sozial Sécherheet, dass ronn 10% vun de Leit am Krankeschäin, déi beim Kontrolldokter passéiert sinn, nees schaffe geschéckt ginn, woubäi eng ganz Partie vun deene Leit net do passéieren, well se entretemps nees ugefaangen hunn ze schaffen. Dowéinst wéilt ech folgend Froen un den Här Minister stellen.

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet wieder ze leeden.

 

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°904 erkläert de Minister, dass ronn 10% vun de Leit am Krankeschäin, déi beim Kontrolldokter passéiert sinn, nees schaffe geschéckt ginn, woubäi eng ganz Partie vun deene Leit net do passéieren, well se entretemps nees ugefaangen hunn ze schaffen.

 

Dowéinst wéilt ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Kann de Minister erklären, wéi 2 diploméiert Dokteren zu 2 verschidden Aschätzungen kommen, wat de Gesondheetszoustand vun engem Patient ubelaangt? Wéi oft goufe Krankeschäiner no chirurgeschen Agrëffer revidéiert? Wéi oft goufe Krankeschäiner vu Generalisten „gekierzt“?

 

  • Ass de Minister net der Meenung, dass Leit, déi hir Aarbecht opgrond vun der Decisioun vum Kontrolldokter nees opgeholl hunn, op der Aarbechtsplaz riskéieren ofgestempelt ze sinn?

 

  • Verfügt de Minister an der Hisiicht iwwer Zuelematerial? Wéi ass d’Karriär vun deene Leit verlaf? Goufe si fréier oder spéider vum Patron indirekt dowéinst entlooss? Wier et net interessant dozou eng Etüd an Optrag ze ginn?

 

  • Wéi huet sech d’Decisioun vum Kontrolldokter op d’Gesondheet vun de Betraffenen ausgewierkt? Wéi oft koum et duerno zu medezinesche Komplikatiounen bäi de Betraffenen ? Verfügt de Minister iwwer Zuelematerial an deem Beräich? Wann net, wier et net interessant dozou eng Etüd an Optrag ze ginn?

 

  • Kéint de Patient eventuell géint säi behandelnden Dokter virgoen ? Wa jo, op wéi enger Basis? Huet de Minister Kenntnis vun sou Fäll?

 

  • Wier et méiglech méi konkret Informatiounen zu der ICD-10 Klassifikatioun ze kréien a wéi eng Krankheeten an deenen eenzele Rubriken konkret gefouert ginn?

 

  • Wéi vill Dokteren bäi der Gesondheetskeess versti kee Lëtzebuergesch? Wéi vill Reklamatiounen sinn 2018 an deem Sënn bäi der Gesondheetskeess agaangen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck