500 nei Leit an der Steierverwaltung : Wéini kommen dës Leit a wéi eng Profiller gi gesicht. Ginn duerch d’Digitaliséierung Plazen agespuert ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
An engem rezenten Interview um Radio huet den Direkter vun der Steierverwaltung, dee säit dem 1. Mee am Amt ass, eng Rei Ukënnegunge gemaach, wat d’Zukunft vun der Steierverwaltung ubelaangt. Hien huet, ënnert anerem, ugekënnegt, datt d’Steierverwaltung iwwert déi nächst Jore wäert 500 Leit astellen.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Finanzminister stellen:
Iwwer wéi vill Joer sollen déi 500 Beamten agestallt ginn?
Wéi eng Profiller ginn agestallt an a wéi enge Carrièren?
Wéi well de Staat déi Leit unzéien, wann ee weess datt elo scho vill Plazen an der Fonction publique net besat sinn?
Ginn duerch d’Digitaliséierung Posten agespuert?
Wa jo, wéi vill a wéi eng Profiller?
Wat bedeit dat fir den Netto-Wuesstem um Niveau vum Personal vun der Steierverwaltung?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm
Deputéiert

Zréck