Méi Léiergeld fir d'Apprentien, méi Rechter fir d'Konsumenten an en Droit à l'oubli, dee gesetzlech verankert gëtt. Dës Woch stoungen an der Chamber wichteg Gesetzesprojeten um Programm.
MÉI LÉIERGELD, MÉI UNERKENNUNG FIR D'BERUFFSAUSBILDUNG
Méi Gerechtegkeet a besser Perspektive fir déi Jonk an der Beruffsausbildung: Mat engem neie Gesetz ginn d'Léiergelder harmoniséiert an däitlech erhéicht. Bis elo gouf et grouss Ënnerscheeder jee no Beruff. Esou kritt en Usträicher am éischte Léierjoer an Zukunft pro Mount bal 680 Euro méi wéi bis elo, esou den CSV-Deputéierte Ricardo Marques. D'Reform gëllt réckwierkend op den 1. Januar 2026.
De Staat iwwerhëlt déi zousätzlech Käschten, sou datt d'Ausbildungsbetriber net méi belaascht ginn. Gläichzäiteg gëtt den Asaz vun de Leit, déi d'Apprentien an de Betriber begleeden an ausbilden, mat enger neier Primm vu 750 Euro pro Joer a Léiervertrag unerkannt.
D'Beruffsausbildung ass kee Choix zweeter Klass betount de Ricardo Marques. Si bitt de Jonke reell Zukunftsperspektiven a garantéiert déi qualifizéiert Fachleit, déi eis Wirtschaft och muer nach dringend brauch.
FLÉCKEN AMPLAZ EWECHGEHEIEN
Eng futtis Wäschmaschinn oder e Staubsauger, deen net méi funktionéiert – dacks ass et méi einfach, eppes Neies ze kafen, wéi et flécken ze loossen. Mat engem neie Gesetz soll d'Reparatur vun Apparater méi einfach, méi transparent a méi attraktiv ginn.
Wien sech wärend der gesetzlecher Garantie fir eng Reparatur amplaz vun engem Ersatz decidéiert, kritt ee Joer zousätzlech Garantie. Och nom Oflaf vun der Garantie mussen d'Hiersteller vu bestëmmten Apparater Reparaturen zu engem raisonnabele Präis ubidden. Donieft sollen d'Konsumente méi einfach erausfanne kënnen, wou si en Apparat flécke loosse kënnen a wat dat kascht.
D'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert huet ënnerstrach, datt dëst Gesetz net nëmmen de Konsumente konkret Virdeeler bréngt, mee och d'Handwierk stäerkt, Ressourcë schount an Offall vermeit. D'Zil ass, datt Flécken am Alldag erëm eng selbstverständlech Alternativ zum Neikafe gëtt.
D'Konsumenteschutzministesch Martine Hansen huet och annoncéiert, datt deemnächst eng Informatiounscampagne mam Titel „Let's fix it“ lancéiert gëtt. Eng europäesch Plattform mat enger nationaler Rubrik soll et de Konsumente vum Juli 2027 un zousätzlech méi einfach maachen, lokal Reparaturbetriber ze fannen.
KREDITTER : MÉI SCHUTZ AN EN DROIT À L'OUBLI
Elo kafen, spéider bezuelen. Dat geet haut mat e puer Klicken. Mä och kleng Kreditter kënnen zu enger finanzieller Belaaschtung ginn. Mat engem neie Gesetz ginn dowéinst d'Rechter vun de Konsumente gestäerkt. Och kleng Kreditter a sougenannte „Buy now, pay later“-Offere falen an Zukunft ënnert déi gesetzlech Schutzbestëmmungen. Banken an aner Kreditinstituter mussen hir Clientë besser informéieren a méi genee préiwen, ob si hire Kredit och wierklech zréckbezuele kënnen.
E besonnesch wichtege Punkt fir d'CSV ass d'gesetzlech Verankerung vum „Droit à l'oubli“, esou d'Rapportrice vum Gesetz, d'Stéphanie Weydert. Mënschen, déi eng schwéier Krankheet hannert sech hunn, mussen dës ënner bestëmmte Konditiounen no enger gewësser Zäit bei enger Versécherung am Zesummenhang mat engem Kredit net méi uginn.
Mat deem neie Gesetz gëtt de Konsumenteschutz un déi ëmmer méi digital Kreditwelt ugepasst. D'Konsumenteschutzministesch Martine Hansen huet ënnerstrach, datt Transparenz, fair Konditiounen an eng gutt Ofsécherung beim Ofschloss vun engem Kredit am Mëttelpunkt stinn.
De „Droit à l’oubli“, esou d’Gesondheetsministerin Martine Deprez, wier e wichtege Schrëtt fir méi Chancëgläichheet a Fairness, deen och de medezinesche Fortschrëtter Rechnung dréit.