D'Woch an der Chamber: Méi Mindestloun, soziale Leasing a Klimabonus Wunnen

Eng geplangten Erhéijung vum Mindestloun, d’Dronesichtungen zu Lëtzebuerg an de Bilan vum „Drogendësch 2.0“. Dat sinn e puer vun de Sujeten, déi d’Chamber an der Woch vum 23. November 2026 beschäftegen. Parallel ginn d’Aarbechten um Budget 2027 an de Kommissioune weider.

Mindestloun a sozial Leeschtunge sollen eropgoen

De Mëttwoch, 25. November, gëtt an der Aarbechtskommissioun de Gesetzesprojet vum Aarbechtsminister Marc Spautz virgestallt, deen eng Erhéijung vum Mindestloun ëm 3,8 Prozent vum 1. Januar 2027 u virgesäit.

Schonn e Méindeg soll d’Familljekommissioun hire Rapport zu engem weidere Projet unhuelen wou de REVIS an de Revenu fir Persoune mat schwéierem Handicap sollen ëm 3,8 Prozent eropgoen.

Dronen a Bilan vum „Drogendësch 2.0“

E Méindeg, 23. November, diskutéiere verschidde Kommissiounen zesummen iwwer d’Dronesichtungen um Findel an zu Miedernach. Am Mëttelpunkt steet d’Sécherheet vum Lëtzebuerger Loftraum.

En Dënschdeg, 24. November, gëtt den Tëschebilan vum „Drogendësch 2.0“ presentéiert. De Plang soll géint d’Drogenkriminalitéit virgoen an och op déi sozial a gesondheetlech Problemer äntweren, déi mam Drogenkonsum zesummenhänken.

Budget 2027: Bildung, Justiz a Wunnen

D’Finanzkommissioun kritt en Dënschdeg den Avis vum Rechnungshaff zum Budget 2027 presentéiert. Dee selwechten Dag ginn an der Educatiounskommissioun d’Budgete fir Bildung, Kanner a Jugend diskutéiert.

Do stinn och de Rapport iwwer d’Finanzéierung vu Restopolis-Servicer an d’Resultater vun der Etüd „Screen-Life Balance 2026“ um Programm.

En Donneschdeg, 26. November, geet et an de zoustännege Kommissioune mam Justizbudget an de Budgete fir Wunnen a Landesplanung weider.

Leasing social a Klimabonus

E Mëttwoch soll d’Ëmweltkommissioun de Rapport vum CSV-Deputéierte Paul Galles zum Leasing social vun emissiounsfräie Gefierer unhuelen.

Och eng Upassung vum Klimabonus Wunnen steet um Programm. De Projet vum Ëmweltminister Serge Wilmes soll e Feeler bei der TVA-Berechnung am Virfinanzement vun den Hëllefe korrigéieren. Betraff sinn ënner anerem Wärmepompelen an energetesch Renovatiounen.

Aarbechtsreegelen a Sport an de Gemengen

D’Aarbechtskommissioun soll e Mëttwoch de Rapport vun der CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert zu den Aarbechtsreegelen an der Landwirtschaft, am Wäibau an am Gaardebau unhuelen.

En Donneschdeg gëtt an der Sportskommissioun e Projet virgestallt, deen d’finanziell Hëllefe fir Gemengen a Gemengesyndikater bei der Fërderung vu Beweegung a Sport upasse soll.

Belsch Vignette, Christophe Hansen a Benelux

D’Fro vun enger belscher Stroossevignette beschäftegt en Dënschdeg déi Lëtzebuerger Delegatioun vum Benelux-Parlament. An en Donneschdeg empfänken d’Deputéiert den Europakommissär fir Landwirtschaft an Ernärung, Christophe Hansen, fir en Austausch.