Méi Rechter fir Konsumenten, bezuelbare Wunnraum an d'Zukunft vun eisem Schoulsystem. An der Chamber stinn dës Woch eng Rei Themen um Programm, déi d'Leit direkt betreffen. Donieft gëtt iwwer d'Ausgabe fir de Large-Scale-Testing an d'Landesplanung diskutéiert.
Méi Schutz bei Kreditter
Wien e Kredit ophëlt, soll besser geschützt ginn. Mat engem neie Gesetz sollen d'Reegele fir Konsumentekreditter moderniséiert ginn. D'Leit solle méi kloer Informatiounen iwwer d'Käschten a Konditioune kréien. Och de Schutz virun Iwwerverschëldung soll verbessert ginn.
Dobäi spillt och de Recht op Vergiessen („Droit à l'oubli“) fir Leit, déi eng schwéier Krankheet iwwerstanen hunn, eng Roll. Si sollen net nach Joren duerno wéinst hirer fréierer Erkrankung beim Zougang zu enger Kreditversécherung benodeelegt ginn.
D'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert ass Rapportrice vum Gesetzesprojet.
Flecken amplaz ewechgeheien
De Frigo oder d'Wäschmaschinn ass futti? An Zukunft soll et méi einfach ginn, esou Apparater flecken ze loossen, amplaz direkt nei ze kafen.
Mat engem weidere Gesetzesprojet gëtt eng europäesch Direktiv iwwer d'Recht op Reparatur ëmgesat. Fir bestëmmte Produite sollen d'Hiersteller och nom Enn vun der Garantie Reparaturen ubidde mussen. Gëtt en Apparat ënner der gesetzlecher Garantie gefleckt, soll dës ëm ee Joer verlängert ginn.
Och bei dësem Gesetzesprojet ass Stéphanie Weydert Rapportrice.
Wunnengskris: Déi Jonk an d'Käfer am Fokus
Wéi kënne jonk Leit sech zu Lëtzebuerg nach eng eege Wunneng leeschten? Dës Fro steet am Mëttelpunkt vun enger Aktualitéitsstonn iwwer d'Fuerderunge vun de Jugendorganisatiounen am Kampf géint d'Wunnengskris.
An enger weiderer Debatt geet et ëm d'Situatioun vu Leit, déi eng Wunneng op Plang kaaf hunn an deenen hire Promoteur während dem Bau faillite geet. Dobäi steet d'Fro am Mëttelpunkt, wéi dës Keefer besser geschützt kënne ginn.
PISA 2025: Wéi gutt ass eise Schoulsystem?
Wéi gutt sinn eis Schüler am Liesen, an der Mathematik an an den Naturwëssenschaften? D'Chamber diskutéiert dës Woch iwwer d'Resultater vun der PISA-Etüd 2025 an d'Erausfuerderunge fir de Lëtzebuerger Schoulsystem.
Um Programm steet och e Gesetzesprojet, mat deem d'Beruffsausbildung weider gefërdert soll ginn.
Large-Scale-Testing a Landesplanung
Wéi goufen d'Staatsgelder wärend der Corona-Pandemie agesat? D'Chamber diskutéiert iwwer e Spezialrapport vum Rechnungshaff zu den Ausgabe fir de Large-Scale-Testing. D'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert ass eng vun de Rapportrice vum Rapport.
Ausserdeem geet et ëm d'Zukunft vun der Landesplanung zu Lëtzebuerg. An enger Interpellatioun diskutéieren d'Deputéiert iwwer d'Ëmsetzung vum nationale Programm fir d'Landesplanung (PDAT) an d'Roll vun de sektoriellen Entwécklungspläng.
De komplette Programm vun der Chamberwoch vum 16. November 2026: