Dës Woch stoung ganz am Zeeche vun der Kafkraaft. Mat der grousser Steierreform an engem neien Tripartite-Accord goufe wichteg Decisioune getraff, déi d'Leit finanziell entlaaschte sollen.
1. Steierreform 2028: Eng Steierklass fir jiddereen
D'Chamber huet dës Woch déi grouss Steierreform vum Finanzminister Gilles Roth gestëmmt. Vun 2028 u kënnt eng nei, eenheetlech Steierklass U. Egal ob Single, bestuet oder gepacst. An Zukunft soll de Familljestand net méi iwwer de Steierbarème entscheeden.
Dat ännert sech konkret:
Méi Netto vum Brutto: Virun allem Singles ginn duerch den neie Steierbarème entlaascht.
Eng Steierklass fir jiddereen: Déi aktuell Klassen 1, 1a an 2 ginn no an no ersat.
25 Joer Iwwergangszäit: Leit an der Steierklass 2 kënnen am ale System bleiwen oder fräiwëlleg an d'Klass U wiesselen.
Méi Ënnerstëtzung fir Elengerzéiend: De maximale Steierkredit klëmmt op 4.008 Euro d'Joer.
Méi Ënnerstëtzung fir jonk Familljen: Bis zu 5.400 Euro steierlechen Ofzuch d'Joer pro Kand ënner dräi Joer.
Méi Planungssécherheet: Bei enger Scheedung oder beim Doud vum Partner gëtt d'Iwwergangszäit an der Steierklass 2 vun dräi op fënnef Joer verlängert.
D'Zil: Manner Steieren, méi Kafkraaft an e méi einfachen a gerechte Steiersystem.
2. Tripartite: Energiehëllefe ginn 2027 weider
Och bei den Energiepräisser gëtt et gutt Noriichten. D'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat hu sech an der Tripartite op en neien Accord gëeenegt. Déi wichtegst Hëllefe ginn bis Enn 2027 verlängert.
Follgend Moossnahemen goufen zeréckbehalen:
Um Stroum: 4 Cent Hëllef pro Kilowattstonn bis Enn 2027.
Um Gas: 15 Cent pro Kubikmeter bis Enn 2027.
Um Mazout: 15 Cent pro Liter bis Enn 2027.
Um Bensin an Diesel: De Rabatt vu 5 Cent pro Liter bleift bis Enn Februar 2027.
Index: Den Indexmechanismus bleift integral erhalen.
Am Februar 2027 gëtt d'Situatioun nach eng Kéier mat de Sozialpartner analyséiert.
D'Zil: D'Leit bei hiren Energiekäschten entlaaschten an d'Präisdeierecht bremsen.
3. Méi Kafkraaft schonn ab 2027
Nieft der grousser Steierreform sinn och weider Entlaaschtunge gestemmt ginn:
Méi Netto beim Mindestloun: De Steierkredit klëmmt bis Juli 2027 vun 81 op 200 Euro de Mount.
Zousätzleche Steierkredit fir géint de Kafkraaftverloscht virzegoen: fir Salariéen, Pensionéierter a Selbstänneger, réckwierkend fir Juni bis Dezember 2026.
Méi Virdeeler beim Bauspueren: Och Leit iwwer 40 Joer kenne ab 2027 bis zu 1344 Euro steierlech geltend machen