Manner Steieren, méi Kafkraaft an eng eenheetlech Steierklass fir jiddereen. D'Steierreform ass dat grousst Thema an der Chamberwoch vum 26. bis den 29. Oktober. Donieft stinn eng Rei weider Gesetzesprojeten um Programm, déi konkret Entlaaschtunge fir d'Leit an d'Betriber bréngen sollen.
Eng Steierklass fir jiddereen ab 2028
De Mëttwoch 28. Oktober 2026, soll d'Chamber iwwer déi grouss Steierreform ofstëmmen. Vum 1. Januar 2028 u soll et zu Lëtzebuerg eng nei, eenheetlech Steierklass „U“ ginn. Si ersetzt no an no déi aktuell Steierklassen 1, 1a an 2.
D'Zil ass e méi einfachen a gerechte Steiersystem. Egal ob Single, bestuet oder gepacst: An Zukunft gëllen déi selwecht Steierreegelen. Fir vill Leit, besonnesch Singles, bedeit dat manner Steieren an domat méi Netto vum Brutto.
Fir Koppelen, déi haut an der Steierklass 2 sinn, ass eng Iwwergangszäit vu 25 Joer virgesinn. Si kënnen esou laang am ale Steiersystem bleiwen oder an déi nei Steierklass wiesselen.
D'Reform kënnt vum Finanzminister Gilles Roth. D'CSV-Deputéiert Diane Adehm ass Rapportrice vum Gesetzesprojet.
Méi Kafkraaft schonn 2026 an 2027
Och kuerzfristeg si steierlech Entlaaschtunge virgesinn.
Fir Leit mat klenge Léin gëtt de Steierkredit beim Mindestloun an zwou Etappen erhéicht: vun haut 81 Euro op 179 Euro am Januar 2027 an op 200 Euro am Juli 2027. Zesumme mat der Erhéijung vum Mindestloun bedeit dat fir eng Persoun mam onqualifizéierte Mindestloun ab Juli 2027 ronn 200 Euro méi Netto de Mount am Verglach mam Juni 2026.
Fir d'Period vu Juni bis Dezember 2026 ass zousätzlech e Konjunktur-Steierkredit virgesinn. Domat sollen d'Salariéen, d'Pensionéiert an d'Selbstänneger steierlech entlaascht ginn. Vun 2027 u soll dës Entlaaschtung an de Steierbarème afléissen.
Och beim Bauspare soll sech eppes änneren: Déi méi héich steierlech Ofzuchsgrenz vun 1.344 Euro d'Joer soll vun 2027 un onofhängeg vum Alter gëllen. Domat profitéieren och Leit iwwer 40 Joer vum selwechte maximale Steiervirdeel.
Finanzhëllefe fir Baueren an Elektromobilitéit
Nieft de Steieren ass och eng aussergewéinlech Hëllef fir d'Landwirtschaft virgesinn. Wéinst den héijen Düngerpräisser sollen d'Baueren an d'Wënzer 35 Euro pro Hektar kréien, mat engem Maximum vun 10.000 Euro pro Betrib. De CSV-Deputéierte Jeff Boonen ass Rapporteur vum Gesetzesprojet.
Weider geet et mat Verlängerung vun de staatlechen Hëllefe fir Elektroautoen. Bis 2030 sollen ënner bestëmmte Konditioune bis zu 6.000 Euro fir en neien Elektroauto a bis zu 1.500 Euro fir eng Occasioun méiglech sinn.
Och d'Installatioun vun Opluedstatioune gëtt weider ënnerstëtzt: mat bis zu 1.200 Euro fir eng intelligent Opluedstatioun doheem a bis zu 40.000 Euro fir gemeinsam Installatiounen a Residenzen. Rapporteur vun deenen zwee Projeten ass de CSV-Deputéierte Paul Galles.
Méi Sécherheet bei Medikamenter a Steiervirdeeler bei der progressiver Pensioun
Mat enger neier Lëtzebuerger Agence fir Medikamenter a Gesondheetsprodukter sollen d'Kontrollen an d'Iwwerwaachung verbessert ginn. D'Zil ass méi Sécherheet fir d'Patienten. Rapportrice ass d'CSV-Deputéiert Françoise Kemp.
Och fir Leit, déi hir Aarbechtszäit um Enn vun hirer Karriär reduzéieren an dobäi schonn en Deel vun hirer Pensioun kréien, ass eng Ännerung virgesinn. Si sollen ënner bestëmmte Konditioune vun enger Steiererliichterung vu bis zu 750 Euro Akommes de Mount profitéiere kënnen. Dat soll fir de Privatsecteur an den ëffentlechen Déngscht gëllen. D'CSV-Deputéiert Diane Adehm ass Rapportrice.
Dës Chamberwoch steet domat besonnesch am Zeeche vun der Kafkraaft. Mat der neier eenheetlecher Steierklass ab 2028 steet eng Reform am Mëttelpunkt, déi fir vill Leit manner Steieren a méi Netto vum Brutto brénge soll.
Méi Informatiounen : Steierreform 2028 – Eng Steierklass fir jiddwereen.
De ganze Agenda vun der Chamber : Agenda parlementaire