Martine Deprez: Strukturell Reformen bei der CNS sollen 2028 diskutéiert ginn

D’Salariéen an d’Betriber sollen ab 2027 méi Cotisatioune fir d’CNS bezuelen. Dat ass eng vun de Mesuren, op déi sech d’Sozialpartner aus dem Gesondheetssecteur bei der Quadripartite gëeenegt hunn.

Am Interview op Radio 100,7 huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez erkläert, datt d’Hausse vun jee 0,125 Prozentpunkten fir d'Salariéen an fir d'Betrieber zesumme mat anere Mesurë méi finanziell Stabilitéit fir d’Gesondheetskeess soll bréngen. De Staat wäert säi Bäitrag och erhéijen.

D’Pharmaindustrie soll sech iwwer eng Tax op de Verkaf vu Medikamenter un de Käschte vum Gesondheetssystem bedeelegen. D’Ministesch huet an deem Kontext op ähnlech Modeller am Ausland verwisen an erkläert dat déi néideg Gesetzer fir de Moment ausgeschafft ginn.

Och bei de medezinesche Prestatioune wëll d’Regierung d’Ausgabe limitéieren. Doktere sollen d’Recommandatioune vum Ministère beim Verschreiwe vu Medikamenter, Analysen a Kiné berücksichtegen. Dës Recommandatioune sollen op internationale wëssenschaftleche Richtlinne baséieren. 

E weideren Punkt deen ugeschnidden ginn ass war den Absenteismus. Diskutéiert goufen ënner anerem méi Kontrolldokteren an eng besser administrativ Kontroll. D’Ministesch sot, si géif net dovun ausgoen, datt et generell vill Abusen am Beräich vum Absenteismus gëtt. 

Zielt een all déi eenzel Mesuren zesumme sollen am Joer kënne 95 Milliounen Euro manner ausginn ginn. Dëse maximale Montant kéint awer eréischt an dräi bis véier Joer erreecht ginn. D’Ministesch huet betount, datt et sech ëm eng Schätzung handelt. D’Entwécklung vun de CNS-Finanze regelméisseg mat de Sozialpartner iwwerpréift ginn.

Mat dese Mesuren soll de System bis 2030 stabil bleiwen. Eng laangfristeg Léisung ass dat awer net. D’Gesondheetskäschte wäerten, sou Martine Deprez, ënner anerem duerch den Asaz vun neier medezinescher Technik an eng méi héich Consommatioun weider klammen.

Eng strukturell Reform vun der CNS-Finanzéierung soll ab dem Fréijoer 2028 diskutéiert ginn. Eng vun de Froen ass, ob d’CNS weider Käschten iwwerhuele soll, déi net direkt mat enger Gesondheetsleeschtung ze dinn hunn. D’Ministesch wëll Iddien ausschaffen an zesumme mat der Chamber diskutéieren.

Replay um 100,7
Martine Deprez stellt strukturell Ännerunge bei CNS-Finanzéierung an Aussiicht

FAQ: Déi wichtegst Aussoe vum Martine Deprez

Wat ass bei der Quadripartite iwwer d’CNS decidéiert ginn?
D’Sozialpartner an d’Acteuren aus dem Gesondheetssecteur hunn sech op Mesurë gëeenegt, fir d’Finanze vun der CNS ze stabiliséieren. Dozou gehéieren eng Erhéijung vun de Cotisatiounen an eng Rei Mesuren, déi d’Ausgabe limitéiere sollen.

Wéi vill ginn d’Cotisatioune méi héich?
Ab 2027 bezuele Salariéen a Betriber jee 0,125 Prozentpunkte méi Cotisatiounen. Zesumme klammen d’Cotisatiounen ëm 0,25 Prozentpunkten. De Staat wäert och säi Bäitrag erhéijen.

Wat ass mat der Tax op Medikamenter gemengt?
D’Pharmaindustrie soll eng Tax op de Verkaf vu Medikamenter bezuelen, déi dem Gesondheetssystem zeguttkënnt. De Präis vun de Medikamenter bleift fix. Fir dës Moossnam mussen nach Gesetzer ausgeschafft ginn.

Wat soll sech beim Verschreiwe vu Medikamenter an Analysen änneren?
D’Doktere sollen d’Recommandatioune vum Ministère berücksichtegen. Dat betrëfft ënner anerem d’Verschreiwe vu Medikamenter, Analysen a Kiné. D’Recommandatioune sollen op internationale wëssenschaftleche Richtlinne baséieren.

Wat ass bei der Kontroll vu Krankeschäiner geplangt?
En Aarbechtsgrupp analyséiert zesummen mat de Sozialpartner den Absenteismus. Diskutéiert ginn ënner anerem méi Kontrolldokteren an eng besser administrativ Kontroll. D’Gesondheetsministesch sot, si géif net dovun ausgoen, datt et generell vill Abusen am Beräich vum Absenteismus gëtt.

Wéi vill kéinten déi Mesurë finanziell abrengen?
Laut de Previsioune kéinten d’Mesurë maximal 95 Milliounen Euro pro Joer ausmaachen. Et handelt sech ëm eng Schätzung an ëm e maximale Montant, deen eréischt no dräi bis véier Joer kéint erreecht ginn. D’Ministesch huet keng Garantie fir dës Zomm ginn.

Wéi laang sollen déi aktuell Mesurë Stabilitéit bréngen?
No der aktueller Projektioun soll de System domat bis 2030 stabil bleiwen. D’Finanze vun der CNS sollen mindestens all Joer zesumme mat de Sozialpartner iwwerpréift ginn.

Wéini sollen strukturell Ännerunge vun der CNS-Finanzéierung diskutéiert ginn?
D’Diskussiounen iwwer strukturell Ännerunge sollen am Fréijoer 2028 ufänken. Eng Fro ass, ob d’CNS weider Käschten iwwerhuele soll, déi net direkt mat enger Gesondheetsleeschtung verbonne sinn.

Wien huet d’Informatioune matgedeelt?
D’Gesondheetsministesch Martine Deprez huet den 22. Oktober 2026 am Interview „Invité vum Dag“ op Radio 100,7 iwwer d'Conclusiounen vun der Quadripartite vum 21. Oktober 2026 an d’Finanze vun der CNS geschwat.