D'CSV an der Chamber: Dat Wichtegst op ee Bléck

Wat gouf an der Chamber diskutéiert a wat bedeit dat konkret fir d'Leit? Mir faassen déi wichtegst Aussoe vun eisen CSV-Deputéierten an d'Äntwerte vun de Ministeren zu den eenzele Gesetzesprojeten an Debatten kuerz a verständlech zesummen.

Méi Kannergeld, méi Kafkraaft fir Familljen

D'Kannergeld gëtt ëm 45 Euro de Mount pro Kand erhéicht, fir Kanner ab 12 Joer sinn et esouguer 60 Euro méi. Och d'Allocation de rentrée scolaire klëmmt ëm 60 Euro fir Kanner bis 11 Joer an ëm 90 Euro vun 12 Joer un. Zesummegerechent bedeit dat bis zum 18. Gebuertsdag 11.700 Euro zousätzlech Ënnerstëtzung pro Kand. Den CSV-Deputéierte Paul Galles huet an der Chamber ënnerstrach, datt dës Reform de Familljen hir Kafkraaft nohalteg stäerkt. An Zukunft sinn all dës Familljebäihëllefen automatesch indexéiert an Hëllefe géint d'Kanneraarmut gi geziilt ausgebaut. Dës gréisste Kannergelderhéijung zanter 25 Joer ass e kloert Zeechen, datt d'Familljen am Mëttelpunkt vun der Politik stinn, esou de Paul Galles.

Blockaden iwwerwannen, méi séier bauen

Fir méi Wunnraum zu Lëtzebuerg ze schafen, mussen och d'Prozedure méi einfach a méi séier ginn. Den CSV-Deputéierte Marc Lies huet als Rapporter e Gesetzesprojet virgestallt, deen de sougenannte Remembrement urbain, also d'Neiopdeelung vu Bauland, reforméiert. An Zukunft soll et méiglech sinn, datt de Minister agräift, wann eenzel Proprietären d'Entwécklung vun engem ganze Wunnquartier blockéieren. Dobäi sollen d'Rechter vun alle Proprietäre respektéiert an eng gerecht Behandlung garantéiert bleiwen. De Marc Lies huet och déi wichteg Roll vun de Gemengen ënnerstrach, déi aktiv bei der Mobiliséierung vu Bauland an der Schafung vu bezuelbarem Wunnraum matwierke kënnen.

Teletravail am Staatsdéngscht gëtt méi flexibel

Den Teletravail am ëffentlechen Déngscht soll méi flexibel a méi zäitgeméiss ginn. An Zukunft solle Fonctionnaire-Stagiairen ënner bestëmmte Konditiounen och vun doheem aus schaffe kënnen. Donieft soll den Teletravail net méi un déi eege Wunneng gebonne sinn, mee och a Coworking-Spaces méiglech ginn. Fir d'CSV ass dat e wichtege Schrëtt, fir d'Beruffs- a Privatliewe besser mateneen ze verbannen. Gläichzäiteg huet de den Deputéierte Georges Mischo betount, datt de gudde Fonctionnement vun den Administratiounen an d'Qualitéit vum ëffentlechen Déngscht weiderhi garantéiert musse bleiwen.De Minister fir den ëffentlechen Déngscht Serge Wilmes huet ënnerstrach, datt dat neit Gesetz e klore gesetzleche Kader a méi Rechtssécherheet schaaft, gläichzäiteg awer och déi néideg Flexibilitéit bitt, fir den Teletravail un d'Besoine vun de Mataarbechter an den Administratiounen unzepassen.

Biodiversitéit - D’Natur brauch eise Schutz

Et steet net gutt ëm d'Biodiversitéit zu Lëtzebuerg. An enger Aktualitéitsstonn huet den CSV-Deputéierte Paul Galles op de besuergneserreegenden Zoustand vun eise Bëscher, Gewässer an Déieren- a Planzenaarten higewisen. Fir hien ass kloer: D'Biodiversitéitskris däerf trotz den aneren Erausfuerderungen, wéi der Wunnengs-, Energie- oder Klimakris, net an den Hannergrond geroden. Eis Natur ass schliisslech d'Grondlag vun eisem Liewen. De Paul Galles huet dofir déi ambitiéis Naturschutzmoossname vun der Regierung ausdrécklech ënnerstëtzt. Entscheedend wier, datt genuch Mëttelen zur Verfügung stinn, konkret Moossnamen och um lokalen Niveau ëmgesat an d'Fortschrëtter konsequent iwwerpréift ginn.Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet ënnerstrach, datt Naturschutz a Klimaschutz Hand an Hand musse goen. Hien huet konkret Moossnamen ugekënnegt, dorënner en neien nationale Bëschprogramm am November an eng Upassung vum Juegdgesetz nach virum Enn vum Joer, fir eis Bëscher méi widderstandsfäeg ze maachen.

Tutellen a Curatellen - Kloer Reegele schafen

Wien d'Interesse vu Mënsche vertrëtt, déi op eng Tutelle oder Curatelle ugewise sinn, iwwerhëlt eng grouss Verantwortung. Den CSV-Deputéierte Charel Weiler huet als Rapporter e Gesetzesprojet virgestallt, dee kloer Reegele fir d'Entschiedegung vun dëse Mandatairë schaaft. Domat gëtt et méi Transparenz a Rechtssécherheet, souwuel fir déi Leit, déi dës wichteg Aufgab iwwerhuelen, wéi och fir déi betraffe Persounen. Fir de Charel Weiler ass dëst Gesetz e wichtege Baustee vun enger méi breeder Reform vum Schutz vu volljärege Persounen. Dobäi misst ëmmer de Mënsch mat senger Dignitéit am Mëttelpunkt stoen.D'Justizministesch Elisabeth Margue huet ugekënnegt, datt déi méi ëmfaassend Reform vun den Tutellen a Curatellen d'nächst Joer soll virgestallt ginn, mat engem besonnesche Fokus op méi Autonomie an e bessere Schutz vun de betraffene Persounen.

Medezinesch Genetik gëtt offiziell unerkannt

Geneetesch Analysë spillen eng ëmmer méi wichteg Roll bei der Diagnos an der Behandlung vu Krankheeten. De CSV-Deputéierte Jeff Boonen huet als Rapporter e Gesetzesprojet virgestallt, deen déi medezinesch Genetik offiziell als Disziplin an der Laboratoiresmedezin unerkennt. Domat verschwënnt eng juristesch Lacune, sou datt qualifizéiert Spezialisten an dësem Beräich och d'Verantwortung fir e Laboratoire iwwerhuele kënnen. Gläichzäiteg ginn d'Ufuerderungen un d'Formatioun an d'Qualifikatioun vun de Responsabele méi kloer am Gesetz festgehalen. Mat dësem Gesetz gëtt de gesetzleche Kader un déi medezinesch Entwécklung ugepasst, ouni bei de Qualitéitsstandarden Ofstrécher ze maachen.D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet ënnerstrach, datt dat neit Gesetz besonnesch fir de Laboratoire national de santé (LNS) wichteg ass, well et déi néideg gesetzlech Basis fir seng Aktivitéiten an der medezinescher Genetik schaaft. Gläichzäiteg huet si erkläert, datt den LNS un enger neier Strategie schafft, déi Ufank 2027 diskutéiert soll ginn.

Méi Preventioun, Méi Gesondheet

Eng gesond Gesellschaft fänkt bei der Preventioun un. An enger Interpellatioun zum Rapport vum Observatoire national de la santé huet d'CSV-Deputéiert Françoise Kemp ënnerstrach, wéi wichteg et ass, Krankheeten ze verhënneren, éier se iwwerhaapt entstinn. Besonnesch beim Tubak, Alkohol, der Ernärung an der Beweegung gëtt et nach Handlungsbedarf. D'Regierung huet scho vill ëmgesat, dorënner méi streng Reegele fir Nikotinproduiten an d'Fërderung vu Sport an de Gemengen. D'Verantwortung vum Staat an déi perséinlech Verantwortung gehéieren zesummen, esou d’Françoise Kemp. D'Zil ass et, de Leit déi richteg Informatiounen a Méiglechkeeten ze ginn, fir selwer gesond Entscheedungen ze treffen – a méiglechst laang gesond ze bleiwen.D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet ugekënnegt, datt eng nei national Preventiounsstrategie Ufank 2027 soll virgestallt ginn. Si soll déi bestoend Programmer besser matenee verbannen, kloer Prioritéite setzen an dofir suergen, datt d'Preventioun am Alldag bei de Leit ukënnt.

Immigratioun: Méi einfach Prozeduren, kloer Reegelen

Manner Bürokratie, méi Planungssécherheet a kloer Reegele fir d'Immigratioun. D'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert huet als Rapportrice e Gesetzesprojet virgestallt, deen den Zougang zum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart fir Persounen aus Drëttstaaten erliichtert. Openthaltstitele solle méi laang gülteg sinn, de Patronwiessel gëtt vereinfacht an och beim Verloscht vun der Aarbechtsplaz kréien déi Betraffe méi Sécherheet. Gläichzäiteg ginn d'Reegelen ugepasst, ënnert deenen d'Familljemembere vu Persoune mat internationalem Schutz kënnen op Lëtzebuerg nokommen. De sougenannte „Golden Visa“ fir Investisseure gëtt ofgeschaaft. Fir d'Stéphanie Weydert geet et drëm, d'Besoine vun eiser Wirtschaft mat enger fairer a kloer gereegelter Immigratiounspolitik ze verbannen. Den Inneminister Léon Gloden huet betount, datt dat neit Gesetz mat méi einfache Prozeduren a méi Rechter fir Salariéen aus Drëttstaaten de Betriber hëlleft, déi néideg qualifizéiert Mataarbechter ze fannen, a gläichzäiteg bei der Familljenzesummeféierung op eng Politik mat Häerz a Verstand setzt.

Digital Souveränitéit: Selwer decidéiere kënnen

Lëtzebuerg huet an de leschte Jore vill an digital Infrastrukturen, kënschtlech Intelligenz a Cybersécherheet investéiert. An enger Interpellatioun huet d'CSV-Deputéiert Françoise Kemp ënnerstrach, datt et elo dorëms geet, dës Investitiounen nach méi staark bei de Betriber ukommen ze loossen. Besonnesch kleng a mëttelgrouss Entreprisë sollen duerch eng besser Zesummenaarbecht mat der Fuerschung vun neien Technologie profitéieren. Gläichzäiteg huet si op d'Wichtegkeet higewisen, technologesch Ofhängegkeeten ze kennen a realistesch Alternativen ze hunn. Fir d'Françoise Kemp bedeit digital Souveränitéit net, alles selwer ze produzéieren, mee och an Zukunft fräi a selbstbestëmmt decidéiere kënnen.

Israel a Palästina: Verantwortung am Vëlkerrecht

Wéi eng international Verantwortung dréit Lëtzebuerg am Konflikt tëscht Israel a Palästina? An enger Orientéierungsdebatt huet den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet ënnerstrach, datt d'Vëlkerrecht fir all Konfliktparteie gëlle muss. D'Recht vun Israel op Sécherheet an dat palästinensescht Recht op Selbstbestëmmung dierften dobäi net géinteneen ausgespillt ginn. Lëtzebuerg hëllt seng international Verantwortung eescht, ënnert anerem duerch d'Unerkennung vu Palästina, humanitär Hëllef an den Asaz op europäeschem an internationalem Niveau. De Respekt virum Vëlkerrecht, de Schutz vun der Zivillbevëlkerung an d'Sich no enger friddlecher Léisung mussen am Mëttelpunkt stoen.

LU-Alert: Séier a kloer warnen 

Déi grouss Vegetatiounsbränn am Héije Venn an der Belsch hunn am August och zu Lëtzebuerg fir Onsécherheet gesuergt. An enger Aktualitéitsstonn huet d'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert d'Fro opgeworf, firwat d'Bevëlkerung hei am Land eréischt vill méi spéit per SMS gewarnt gouf wéi an Däitschland. Besonnesch an de Grenzregioune waren Damp a Feiergeroch däitlech ze spieren. Dofir stellt sech d’Fro, wéi d'Warnungen iwwer LU-Alert ausgeléist gi sinn a wéi d'Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner funktionéiert huet. Och d'Gemenge misste bei esou Situatioune fréi an zouverlässeg informéiert ginn. E Warnsystem ass nëmmen dann effikass, wann déi richteg Informatioun matzäiten bei de Leit ukënnt betount d’Stéphanie Weydert.

Zukunft vum Waasserkraaftwierk Rouspert 

Zanter dem Héichwaasser 2021 läit d'Waasserkraaftwierk zu Rouspert gréisstendeels brooch. Fréier gouf hei Stroum fir ronn 5.300 Stéit produzéiert. D'CSV-Deputéiert a Buergermeeschtesch vu Rouspert-Mompech, Stéphanie Weydert, huet an der Froestonn bei der Regierung nogefrot, wéi et mam geplangten Neesopbau virugeet a wéini mat den Aarbechte ka gerechent ginn. Si huet dobäi ënnerstrach, datt d'Waasserkraaft als zouverlässeg Energiequell e wichtege Bestanddeel vum Mix aus erneierbaren Energië bleiwe muss. Eng politesch Decisioun soll am Februar 2027 falen, esou den zoustännege Minister.

Digital, mee och perséinlech

D’Digitaliséierung ass eng grouss Chance. mee net jidderee gëtt mat den digitalen Outilen eens. Dofir muss de Staat och weiderhin eng perséinlech Hëllef bei administrativen Demarchen ubidden. Den CSV-Deputéierte Jeff Boonen huet an der Froestonn ënnerstrach, wéi wichteg physesch Ulafstelle sinn, besonnesch fir d'Leit am ländleche Raum. Hien huet nogefrot, wéi de geplangte mobille Guichet soll funktionéieren an ob och nei, fest regional Büroen eng Optioun bleiwen. Déi zoustänneg Ministesch huet erkläert, datt nach virum Enn vum Joer e Guichet-Bus duerch déi véier Regioune vum Land fuere soll an datt aktuell keng fest regional Büroen zousätzlech geplangt sinn.