De Budget 2027 op ee Bléck: 33,9 Milliarden Euro Recetten, 35,8 Milliarden Euro Ausgaben, iwwer 4,5 Milliarden Euro Investitiounen. D’Prioritéite sinn Kafkraaft, Familljen, Logement, Infrastrukturen, Wirtschaft, Klima a Sécherheet.
Méi Kafkraaft, méi Ënnerstëtzung fir Familljen, méi Wunnengen an héich Investitiounen an d’Infrastrukturen. Dat sinn d’Haaptprioritéite vum Lëtzebuerger Budget 2027. De Finanzminister Gilles Roth huet de Budget e Mëttwoch, de 7. Oktober, an der Chamber presentéiert.
Am Zentralstaat si fir 2027 Recettë vun 33,9 Milliarden Euro an Ausgabe vun 35,8 Milliarden Euro virgesinn. Dat ergëtt en Defizit vu ronn 1,9 Milliarden Euro. Fir de Gesamtstaat, also Zentralstaat, Sozialversécherung a Gemengen zesummen, läit den Defizit bei 570 Milliounen Euro oder 0,6 Prozent vum PIB.
De wirtschaftleche Kontext bleift dobäi schwiereg. De STATEC rechent fir 2027 mat engem Wirtschaftswuesstem vun 1,9 Prozent. D’Inflatioun soll bei 2,1 Prozent leien. De Chômage bleift mat 6,3 Prozent op engem héijen Niveau.
Méi Netto vum Brutto a méi Hëllef fir Familljen
Ee Schwéierpunkt vum Budget läit op der Kafkraaft vun de Leit. De Resilienzpak, deen an der Tripartite als Reaktioun op d’Präisdeierecht decidéiert gouf, huet e Volume vu ronn 450 Milliounen Euro. Dovunner profitéieren d’Leit ënner anerem iwwer Mesurë bei Energie a Brennstoffer.
Vun 2027 u gëtt de Konjunktur-Steierkredit an de Steiertarif integréiert. Fir Leit um Mindestloun soll et och däitlech méi Netto ginn. Vum Juli 2027 u sollen si 200 Euro méi am Mount hunn.
Och d’Famillje stinn am Mëttelpunkt. Déi eenheetlech Steierklass soll am Januar 2028 a Kraaft triede. Fir d’Kannergeld sinn 2027 zousätzlech 152 Milliounen Euro virgesinn. Jee nom Alter vum Kand mécht dat 540 respektiv 720 Euro méi am Joer aus. Insgesamt sinn 1,3 Milliarden Euro fir d’Kannergeld virgesinn.
Méi Sue géint Aarmut
D’Regierung wëll och déi sozial Hëllefe méi einfach maachen. Verschidde Bäihëllefe sollen an engem neie „Complément de vie chère“ zesummegeluecht ginn. Ronn 106.000 Leit a 44.000 Stéit sollen dovunner profitéieren. De Käschtepunkt läit bei 184 Milliounen Euro.
Donieft ass en neie Complément fir ronn 32.000 Kanner virgesinn. Dofir stinn 50 Milliounen Euro zur Verfügung.
Am Ganze fléissen der Regierung no 47 Prozent vum Budget a sozial Transferen.
5,2 Milliarden Euro fir Schoul a Kannerbetreiung
Och d’Educatioun an d’Kannerbetreiung kréie méi finanziell Mëttel. 5,2 Milliarden Euro si fir 2027 virgesinn. Dat si ronn 10 Prozent méi wéi ee Joer virdrun.
Eleng d’Kannerbetreiung kascht ronn eng Milliard Euro. Den Zougang zu de Betreiungsstrukture soll verbessert ginn. Och de Betreiungsschlëssel gëtt ugepasst.
Fir Studenten an Doktorande sinn ebenfalls méi Mëttel virgesinn. 185 Milliounen Euro fléissen an déi reforméiert Studentebourse. Weider 5 Milliounen Euro si fir eng nei Hëllef fir Doktorande virgesinn.
Bei de Schoulinfrastrukture wëll d’Regierung séier méi Plaz schafen. Nei modulär Gebaier sollen 1.080 zousätzlech Schüler ophuelen. Mëttelfristeg si weider Lycéeën an Vergréisserunge geplangt.
Logement bleift eng Haaptprioritéit
De Wunnengsbau bleift ee vun de gréisste Suergekanner. D’Regierung wëll dofir de Bau weider ureegen an de Kaf vun enger Wunneng méi einfach maachen.
De Bëllegen Akt klëmmt op 45.000 Euro pro Persoun. Fir jonk Éischtkeefer ënner 35 Joer sinn och méi héich Zënssubventioune virgesinn.
Beim abordabele Wunnengsbau setzt de Staat seng Investitioune weider fort. Fir de VEFA-Opkafprogramm sollen an den nächste Joren nach eemol 300 Milliounen Euro zur Verfügung stoen.
Tëscht 2027 an 2030 sollen am Ganze 2,5 Milliarden Euro iwwer de Spezialfong fir abordabele Wunnengsbau investéiert ginn.
Weider héich Investitiounen an Zuch, Bus a Stroossen
Nieft dem Logement sinn d’Infrastrukturen eng weider Prioritéit.
825 Milliounen Euro fléissen 2027 an d’Schinn. D’Sue fléissen ënner anerem an d’Gare zu Beetebuerg, déi nei Linn Lëtzebuerg-Beetebuerg an d’Stater Gare. Fir den Tram stinn 66 Milliounen Euro zur Verfügung.
Och an de Busreseau gëtt weider investéiert. 289 Milliounen Euro si fir den RGTR virgesinn. Dobäi kommen ënner anerem 66 Milliounen Euro fir de Schoultransport.
Fir d’Stroosse si 532 Milliounen Euro reservéiert. Dozou gehéieren d‘Beetebuerger Kräiz an d’Contournementer vun Housen a Bascharage.
Méi Investitiounen an d’Gesondheet
Bei der Gesondheet setzt d’Regierung weider op Digitaliséierung an op héich Investitiounen an d’Spideeler an op eng besser Versuergung no beim Patient.
D’Ausgabe vum Spidolsfong sollen bis 2030 op 471 Milliounen Euro klammen
Donieft gëtt d’Formatioun vu Spezialisten ausgebaut, notamment an der Pediatrie, Psychiatrie a Kannerpsychotherapie.
Steiererliichterunge fir Betriber
D’Regierung wëll gläichzäiteg d’Kompetitivitéit vum Standuert Lëtzebuerg stäerken.
D’Kierperschaftssteier soll 2027 ëm ee Prozentpunkt erofgoen. Fir grouss Betriber geet den Taux vu 16 op 15 Prozent. Fir kleng a mëttelgrouss Betriber geet e vu 14 op 13 Prozent.
Och Steiererliichterunge fir Investitiounen an Digitaliséierung an Energietransitioun ginn ausgebaut. Den entspriechenden Taux klëmmt vun 18 op 21 Prozent.
D’Regierung wëll och kleng a mëttel Betrieber sou wéi d’Handwierk weider stäerken. Dofir soll d’Betribsiwwergab an direkter Linn oder un de Partner steierfräi ginn, an och d’Indemnitéite fir Léierbouwen a Léiermeedercher klammen. Donieft sinn 25,5 Milliounen Euro u Kapitalsubventioune fir kleng a mëttel Betriber virgesinn.
Och d’Aktivitéitszone sollen zesumme mat de Gemenge weider ausgebaut ginn. Laangfristeg si fir dës Projeten 183 Milliounen Euro virgesinn.
Parallel dozou investéiert de Staat an Zukunftstechnologien. Data, Kënschtlech Intelligenz a Quantentechnologie sollen eng méi grouss Roll spillen. Bis 2030 si fir den DeepTechLab 115 Milliounen Euro virgesinn.
Donieft sollen 2,2 Milliarden Euro an de Fuerschungsstanduert an an d’Universitéit Lëtzebuerg fléissen
3,2 Milliarden Euro fir Klima an Energie
Och d’Klima- an Energiepolitik bleift eng Prioritéit. Fir 2027 si ronn 3,2 Milliarden Euro am Kader vum nationale Klima- an Energieplang virgesinn.
De Klimabonus Wunnen gëtt bis 2035 verlängert. De Staat wëll vun 2027 un och Wärmepompelen an energetesch Sanéierunge virfinanzéieren.
Fir Photovoltaik si ronn 83 Milliounen Euro virgesinn. 19 Milliounen Euro fléissen a Wärmepompelen.
Och de Klimabonus Mobilitéit gëtt verlängert. 69 Milliounen Euro si fir Elektroautoen reservéiert. Fir de soziale Leasing stinn 14,5 Milliounen Euro zur Verfügung.
Méi Sue fir Police, CGDIS a Verdeedegung
Eng weider Prioritéit ass d’Sécherheet. De Budget vun der Police klëmmt op ronn 600 Milliounen Euro. 160 nei Poste si fir 2027 virgesinn.
De CGDIS kritt ronn 186 Milliounen Euro. Och d’Zuel vun de Beruffspompjeeë soll weider klammen.
Méi Sue ginn och an d’Verdeedegung. Den Effort de défense soll 2027 op 2,1 Prozent vum nationale Bruttoakommes klammen. Dat entsprécht knapps 1,4 Milliarden Euro.
Héich Investitiounen trotz Defizit
D’Regierung setzt mam Budget 2027 also op eng Politik vun héijen Investitiounen. Iwwer 4,5 Milliarden Euro sollen investéiert ginn.
De Fokus läit op der Kafkraaft, de Familljen, dem Logement, den Infrastrukturen an der Wirtschaft. Gläichzäiteg wëll d’Regierung d’Staatsfinanzen ënner Kontroll halen.
De Budget steet ënnert dem Motto „Fir d’Leit. Fir Opschwong.“ D’Zil ass, d’Leit an enger wirtschaftlech onsécherer Zäit ze entlaaschten an zur selwechter Zäit d’Investitioune fir déi nächst Joren héich ze halen.
FAQ zum Budget 2027 zu Lëtzebuerg
- Wat sinn d’Haaptprioritéite vum Budget 2027?
De Budget 2027 setzt op fënnef grouss Prioritéiten: de sozialen Zesummenhalt, besser Infrastrukturen, e méi kompetitive Wirtschaftsstanduert, Klima an Nohaltegkeet souwéi e staarken a séchere Staat. De Budget steet ënnert dem Motto „Fir d’Leit. Fir Opschwong.“
- Wéi héich sinn d’Recetten an d’Ausgabe vum Staat am Budget 2027?
Fir den Zentralstaat si fir 2027 Recettë vun 33,9 Milliarden Euro virgesinn. D’Ausgabe leie bei 35,8 Milliarden Euro. Domat rechent d’Regierung mat engem Defizit vu ronn 1,9 Milliarden Euro am Zentralstaat.
- Wéi héich ass den Defizit vum Gesamtstaat 2027?
Fir de Gesamtstaat rechent d’Regierung 2027 mat engem Defizit vu 570 Milliounen Euro. Dat entsprécht 0,6 Prozent vum Bruttoinlandsprodukt.
- Wéi héich ass d’Staatsschold?
D’Staatsschold soll weider ënner 30 Prozent vum PIB bleiwen. Fir Enn 2026 rechent d’Regierung mat 29,3 Prozent. Bis 2030 soll den Taux op 28,6 Prozent zeréckgoen.
- Wéi entwéckelt sech d’Lëtzebuerger Wirtschaft 2027?
De STATEC rechent fir 2027 mat engem Wirtschaftswuesstem vun 1,9 Prozent. D’Inflatioun soll bei 2,1 Prozent leien. De Chômage gëtt fir 2027 op 6,3 Prozent geschat.
- Wat gesäit de Budget 2027 fir d’Kafkraaft fir?
D’Regierung wëll d’Kafkraaft iwwer Steierentlaaschtungen a sozial Mesurë stäerken.
- Wat ännert sech 2027 fir Leit um Mindestloun?
De Brutto-Mindestloun klëmmt den 1. Januar 2027 ëm 3,8 Prozent. Zesumme mat engem méi héije Steierkredit sollen d’Leit um Mindestloun vum Januar un 180 Euro méi an der Täsch hunn. Vum Juli 2027 u sollen et insgesamt 200 Euro méi sinn.
- Wat ass fir Familljen a Kanner virgesinn?
Famillje sinn eng vun den Haaptprioritéite vum Budget 2027. Fir d’Kannergeld kommen zousätzlech 152 Milliounen Euro dobäi. Jee nom Alter vum Kand entsprécht dat 540 respektiv 720 Euro méi am Joer. Insgesamt sinn 1,3 Milliarden Euro fir d’Kannergeld virgesinn.
- Wéini soll déi eenheetlech Steierklass kommen?
Déi eenheetlech Steierklass soll vum Januar 2028 u gëllen. D’Regierung investéiert am éischte Joer 880 Milliounen Euro an Kaafkraft vun de Leit vun.
- Wat gesäit de Budget 2027 géint Aarmut vir?
D’Regierung wëll verschidde sozial Hëllefen an engem neie „Complément de vie chère“ zesummeféieren. Ronn 106.000 Leit a 44.000 Stéit sollen dovunner profitéieren. Fir dës Hëllef si 184 Milliounen Euro virgesinn. Donieft kënnt en neie Complément fir gutt 32.000 Kanner.
- Wéi vill gëtt an Educatioun a Kannerbetreiung investéiert?
Fir Schoul a Kannerbetreiung sinn 2027 insgesamt 5,2 Milliarden Euro virgesinn. Dat si ronn 10 Prozent méi wéi ee Joer virdrun. Eleng d’Kannerbetreiung kascht ronn eng Milliard Euro.
- Wat ass bei de Schoulinfrastrukture geplangt?
Kuerzfristeg sollen nei modulär Schoulgebaier Plaz fir 1.080 Schüler schafen. An de Lycéeën zu Ettelbréck, Mamer, Miersch an an der Stad. Mëttelfristeg si weider Schoulprojeten zu Réiden, Miersch, Déifferdeng-Esch a Schëffleng geplangt.
- Wat gesäit de Budget 2027 beim Logement vir?
De Logement ass eng Haaptprioritéit vum Budget 2027. De Bëllegen Akt klëmmt op 45.000 Euro pro Persoun. Jonk Éischtkeefer sollen iwwer méi héich Zënssubventiounen ënnerstëtzt ginn. Tëscht 2027 an 2030 si 2,5 Milliarden Euro iwwer de Spezialfong fir abordabele Wunnengsbau virgesinn.
- Wéi vill gëtt 2027 an den ëffentlechen Transport investéiert?
Fir d’Schinn sinn 2027 825 Milliounen Euro virgesinn. Fir den Tram stinn 66 Milliounen Euro zur Verfügung. Den RGTR kritt 289 Milliounen Euro an de Schoultransport 66 Milliounen Euro.
- Wéi vill gëtt an d’Stroossen investéiert?
Iwwer de Fonds des routes si fir 2027 insgesamt 532 Milliounen Euro virgesinn. Dozou gehéieren ënner anerem d’Beetebuerger Kräiz, de Contournement vun Housen an de Contournement vu Bascharage.
- Wat ass am Budget 2027 fir d’Gesondheet virgesinn?
D’Regierung wëll weider an d’Spideeler an an eng besser Versuergung vun de Patienten investéieren. D’Ausgabe vum Spidolsfong sollen vu 234 Milliounen Euro am Joer 2026 op 471 Milliounen Euro am Joer 2030 klammen. Zu de grousse Projete gehéieren dat neit CHL-Gebai, den Ausbau vun der Neonatologie an eng nei Zithaklinik.
- Wat ännert sech fir d’Betriber bei de Steieren?
D’Kierperschaftssteier soll 2027 ëm ee Prozentpunkt erofgoen. Fir grouss Betriber geet den Taux vu 16 op 15 Prozent. Fir kleng a mëttelgrouss Betriber geet den Taux vu 14 op 13 Prozent.
- Wéi ënnerstëtzt de Budget 2027 PME an d’Handwierk?
D’Regierung wëll d’Betribsiwwergab an direkter Linn oder un de Partner steierfräi maachen. D’Indemnitéite fir d’Léierzäit sollen eropgoen. Fir kleng a mëttel Betriber si Kapitalsubventioune vu 25,5 Milliounen Euro d’Joer virgesinn.
- Wat ass fir d’wirtschaftlech Aktivitéitszone geplangt?
D’wirtschaftlech Aktivitéitszone sollen zesumme mat de Gemenge weider entwéckelt ginn. Laangfristeg sinn dofir 183 Milliounen Euro virgesinn.
- Wat gesäit de Budget 2027 fir d’Landwirtschaft vir?
D’Investitiounen an d’Landwirtschaft klamme vun 225 op 242 Milliounen Euro. Fir d’Veraarbechtung an d’Vermaartung vu landwirtschaftleche Produite sinn tëscht 2026 an 2030 am Ganze 59 Milliounen Euro u Hëllefe virgesinn.
- Wéi vill gëtt a Klima an Energie investéiert?
Fir d’Ëmsetzung vum nationale Klima- an Energieplang si fir 2027 ronn 3,2 Milliarden Euro virgesinn. Iwwer déi nächst véier Joer läit de geplangte Volume bei 14,4 Milliarden Euro.
- Wat ass beim Klimabonus virgesinn?
De Klimabonus Wunnen gëtt bis 2035 verlängert. Fir Photovoltaikanlage si ronn 83 Milliounen Euro virgesinn, fir Wärmepompelen 19 Milliounen Euro. De Klimabonus Mobilitéit gëtt bis Mëtt 2030 verlängert.
- Wéi vill investéiert de Staat an Digitaliséierung?
Fir 2027 sinn 339 Milliounen Euro fir Digitaliséierung virgesinn. Tëscht 2027 an 2030 sollen d’Ausgaben an dësem Beräich insgesamt 1,4 Milliarden Euro erreechen.
- Wat ass fir Kënschtlech Intelligenz a Fuerschung virgesinn?
D’Regierung wëll an Daten, Kënschtlech Intelligenz a Quantentechnologien investéieren. Fir den DeepTechLab si bis 2030 115 Milliounen Euro virgesinn. Donieft sollen 2,2 Milliarden Euro an de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg an an d’Universitéit Lëtzebuerg fléissen.
- Wéi vill Sue kritt d’Police 2027?
De Budget vun der Police klëmmt op ronn 600 Milliounen Euro. Fir 2027 sinn 160 nei Poste geplangt. Donieft soll an nei Equipementer an Anti-Drone-Systemer investéiert ginn.
- Wéi vill gëtt an de CGDIS investéiert?
Fir de CGDIS sinn 2027 ronn 186 Milliounen Euro virgesinn. D’Zuel vun de Beruffspompjeeë soll vun 789 op 837 klammen.
- Wéi héich sinn d’Verdeedegungsausgaben 2027?
Den Effort de défense soll 2027 op 2,1 Prozent vum nationale Bruttoakommes klammen. Dat entsprécht knapps 1,4 Milliarden Euro. Fir de Fonds d’équipement militaire sinn 674 Milliounen Euro virgesinn.
- Wat ass d’Haaptzil vum Budget 2027?
Laut Regierung soll de Budget 2027 d’Kafkraaft stäerken, d’Leit entlaaschten an héich Investitiounen an d’Zukunft vum Land erméiglechen. Gläichzäiteg wëll d’Regierung d’Staatsfinanzen ënner Kontroll halen.