Fräi politesch Tribün - Wéi muss Lëtzebuerg säi Schoulsystem verbesseren?

52 % vun eise Jonke ginn op, wann et méi schwéier gëtt. Mä opgi mécht dech net méi resilient. Mir mussen déi Jonk aus der Zone de Confort erauskréien.
Ricardo Marques
CSV Deputéierten

Am CSV Podcast "Mikroskop" iwwert d'Resultater vun der PISA-Etude 2025 fuerdert de CSV-Deputéierten a Vizepresident vun der Educatiounskommissioun Ricardo Marques eng „méi leeschtungsfäeg Schoul": PISA sief keng Ranglëscht, mä eng Invitatioun, éierlech op de Schoulsystem ze kucken, fir d'Basiskompetenze stäerken (bal 40 % erreeche beim Liesen net den néidegen Niveau), d'Resilienz ze fërderen (52 % vun de Jonke ginn op, wann et méi schwéier gëtt) an d'sozial Ongläichheet ze bekämpfen.

Den Deputéierten aus dem Osten erzielt am Podcast vun der CSV an der Chamber, dass hien een Ëmstand besonnesch schockéiert huet: "30 % vun eise Schüler soen, d'Schoul bedeit näischt méi fir si. Dat ass eng Katastroph!"

Elo gëllt et, de System do ze verbesseren, wou et Sënn mécht, fir eis Schüler net nëmme méi resilient ze maachen, mä och erëm d'Basiskompetenzen esou ze stäerken, dass mir zréck op ee leeschtungsfäegen Niveau kommen.

Dat ganzt Gespréich fannt Dir op YouTube an iwwerall do wou et Podcasts gëtt.

FAQ - E séieren Iwwerbléck iwwert de Sujet

Firwat seet de Ricardo Marques, PISA sief keng Ranglëscht?
Well fir hien net d'Plaz (7., 17. oder 27.) zielt, mä d'Fro, wat Lëtzebuerg konkret besser maache kann. PISA liwwert Millioune Donnéeën, déi een analyséiere muss, fir déi richteg Stellschrauwe fir Reformen ze fannen.

Wat ass d'Problem mat de Basiskompetenzen?
Bal 40 % vun de Schüler erreeche beim Liesen net den 2. PISA-Niveau. Fir de Ricardo Marques den absolutte Minimum, fir autonom an der Gesellschaft eenzeginn. Liesen nennt hien „d'Mamm vun alle Kompetenzen".

Wat mengt de Ricardo Marques mat der Zone de Confort vun der Schüler?
Datt Léierprozesser genau dann ufänken, wann e Schüler eng Erausfuerderung meeschtert. Wann 52 % opginn, soubal et méi schwéier gëtt, feelt genau dës Resilienz — an déi muss d'Schoul nees an de Mëttelpunkt réckelen.

Wéi steet de Ricardo Marques an d'CSV an der Chamber zu iPads an Handyen an der Schoul?
Den iPad soll en Tool sinn, net den Haaptorgan. Schreiwen als motoresch Kompetenz an d'Liesen dierften net verluer goen. Digital Medienn solle verstanen, net just konsuméiert ginn. D'Innovatioun läit an der jonker Generatioun, net an den Tools.

Wéi eng konkret Reforme proposéiert hien?
Zwee Punkten: am Cycle inférieur vum Enseignement secondaire général d'Promotiounsreegele reforméieren (an e Stäerkten-/Schwächteprofil vun der 7e bis 5e begleeden), an am Fondamental de „Sockel" net als Maximum, mä als Minimum verstoen, fir all Schüler op den Niveau moyen an avancé ze bréngen.

De Ricardo Marques op Instagram:

    Sieh dir diesen Beitrag auf Instagram an           

Ein Beitrag geteilt von Ricardo Marques (@rices)

 Lauschtert hei d'Gespréich a voller Längt no:

PISA ass keng Ranglëscht. Et ass eng Invitatioun, fir ganz éierlech op eise Schoulsystem ze kucken.
Ricardo Marques
CSV Deputéierten
Zur PISA-ETUDE
Déi ganz Etude fir noliesen

Fräi politesch Tribün

An der fräier politescher Tribün vum 28. September 2026 war de Ricardo Marques als CSV Spriecher vun der Schoulkommissioun op der Antenne fir iwwert déi alarméierend lëtzebuergesch Pisa Resultater aus dem Joer 2025 ze schwätzen.

Hei huet hien nach eemol dorop Opmierksam gemaach, dass een dës Etüde soll seriö huelen: PISA ass keng Ranglëscht. Et ass eng Invitatioun, fir ganz éierlech op eise Schoulsystem ze kucken.

Hei lauschteren
Fräi politesch Tribün vum 28. September 2026 mam Ricardo Marques vun der CSV