CSV-Deputéiert zu Bréissel: Austausch iwwer déi grouss europäesch Erausfuerderungen

Am Mëttelpunkt vum Besuch stoung eng Entrevue mam Manfred Weber, dem President vun der Europäescher Vollekspartei (EVP). Dobäi goung et ëm d’Fro, wéi Europa säi Wuelstand an Zukunft ofséchere kann. Themen ewéi d’Kompetitivitéit, d’Aarbechtslosegkeet an de Mindestloun goufen dobäi genee esou ugeschwat wéi d’Fro, wéi sech wirtschaftlech Entwécklung an Ëmweltschutz matenee verbannen loossen.

Europa an enger internationaler Konkurrenz

Och d’Relatioune mat China waren Deel vum Austausch. Bei enger ëmmer méi staarker internationaler Konkurrenz muss Europa sech besser opstellen, seng eege Stäerkte konsequent notzen an nei Kooperatiounen a Partnerschafte sichen.

En anere Schwéierpunkt war d’Ukrain. Déi finanziell Ënnerstëtzung fir d’Land bleift weiderhin eng Prioritéit.

Austausch mat der Presidentin vum Europaparlament an dem EU-Kommissär fir Landwirtschaft an Ernährung

No engem kuerzen Austausch mat der Presidentin vum Europäesche Parlament, Roberta Metsola, stoung eng weider Entrevue mam EU-Kommissär fir Landwirtschaft an Ernährung, Christophe Hansen, um Programm.

De Kommissär huet den Deputéierten säi breet gefächerten Aarbechtsberäich presentéiert, deen däitlech iwwer d’Landwirtschaft erausgeet wéi zum Beispill de Klimawandel an d’Digitaliséierung, 

Wéi europäesch Gesetzgebung entsteet

Donieft huet de Christophe Hansen de legislative Prozess op europäeschem Niveau méi am Detail erkläert. Hien huet gewisen, wéi politesch Initiativen entstinn, wéi déi verschidden europäesch Institutiounen zesummeschaffen a wéi aus enger politescher Iddi um Enn konkret europäesch Gesetzgebung gëtt.

Fraktioun EVP