D’Woch vum 28. September 2026 an der Chamber

Dës Woch fënnt an der Chamber ënner anerem déi traditionell Pressekonferenz fir d’parlamentaresch Rentrée statt. Ausserdeem stinn den europäesche Rapport iwwer de Rechtsstaat an Hëllefe fir d’Landwirtschaft um Programm.

Méindeg, 28. September

Aarmutsrisiko bei elengerzéienden Eltere
D’Familljekommissioun beschäftegt sech mat dem Aarmutsrisiko bei elengerzéiende Familljen.

Asyl, Migratioun an Integratioun
D’Cour des comptes stellt hire Spezialrapport iwwer de Fonds fir Asyl, Migratioun an Integratioun vir.

Dënschdeg, 29. September

Méi Flexibilitéit fir Lëtzebuerger Fonge
D’Finanzkommissioun analyséiert e Gesetzesprojet, deen et verschiddene Gesellschaftsforme soll erlaben, Investitiounsfongen a verschidde Kompartimenter opzedeelen.

Rentrée scolaire 2026/2027
D’Educatiounskommissioun kritt d’Prioritéite fir dat neit Schouljoer presentéiert.

Mobilitéit an Transport
Et ass en Austausch mat Vertrieder vum Landtag vun Nordrhein-Westfalen geplangt.

Parlamentaresch Diplomatie
Deputéiert tauschen sech mat enger Delegatioun vun der polnescher Verdeedegungskommissioun aus.

Mëttwoch, 30. September

Visitt bei der Generalinspektioun vun der Police
Deputéiert besichen d’IGP a féiere Gespréicher mat hire Responsabelen.

Donneschdeg, 1. Oktober

Hëllefe fir d’Landwirtschaft
E Gesetzesprojet gesäit Bäihëllefe fir Moderniséierung, Innovatioun a Resilienz fir an Ënnerstëtzung bei der Veraarbechtung a Vermaartung vu landwirtschaftleche Produkter. Fir 2026–2030 si 59 Milliounen Euro virgesinn.

Upassunge bei de Staatskarriäre
D’Fonction-publique-Kommissioun befaasst sech mat Korrekturen un der Reform vun 2025. D’Gesetz erliichtert d’Diplomkonditioune fir verschidden Traitementsgruppen a verhënnert Nodeeler beim Klassement oder bei Promotiounen.

Europäesche Rapport iwwer de Rechtsstaat
Den EU-Justizkommissär Michael McGrath stellt den Deputéierten den europäesche Rapport 2026 iwwer de Rechtsstaat vir.