No engem Rekordsummer muss Lëtzebuerg sech op méi heefeg Hëtztwellen astellen. Dat seet den Ëmweltminister Serge Wilmes am RTL-Interview. Hien verweist an deem Kontext op wëssenschaftlech Prognosen, deenen no d’Zuel vun den Hëtztwellendeeg vu ronn siwen haut op bis zu 20 Deeg am Joer 2050 klamme kéint. Bis 2100 kéinten et esouguer bis zu 60 Deeg sinn.
Fir de Serge Wilmes ass dofir kloer: Lëtzebuerg muss sech besser un d’Folge vum Klimawandel upassen. Gläichzäiteg mussen aawer och d’CO2-Emissioune weider erofgoen. D’Regierung setzt dobäi op eng méi séier Ëmsetzung vun de Klimamesuren.
152 Mesurë fir d’Klimaadaptatioun
D’Regierung huet eng Klimaadaptatiounsstrategie mat 152 Mesuren ausgeschafft. Ee Schwéierpunkt läit op méi Gréngs an de Stied an op ëffentleche Plazen. Bei gréissere Bauprojete soll ausserdeem e Mindestundeel u Gréngfläche virgeschriwwe ginn.
Och d’Renaturéierung vu Flëss a Baache soll méi séier virugoen. Virum Summer goufen dofir 51 Mesurë festgehalen. Déi sollen der Natur bei Hëtzt hëllefen an zur selwechter Zäit de Risiko vun Iwwerschwemmunge reduzéieren.
Schoulen an ëffentlech Gebaier besser op Hëtzt virbereeden
De waarme Summer huet och gewisen, datt vill Gebaier net genuch op héich Temperaturen ausgeriicht sinn. Schoulen, Kliniken an aner ëffentlech Gebaier sollen dofir no an no energetesch sanéiert ginn.
Klimaanlage kënnen dem Ëmweltminister no punktuell eng Iwwergangsléisung sinn. Laangfristeg soll awer virun allem an d’Qualitéit an d’Sanéierung vun de Gebaier investéiert ginn.
Prefinanzéierung soll Investitioune a klimafrëndlech Technologien méi einfach maachen. Parallel dozou wëll d’Regierung den Ëmstieg op klimafrëndlech Technologien vereinfachen. D’Hëllefe fir Photovoltaikanlagen, Wärmepompelen an energetesch Sanéierunge goufen erhéicht a bis 2030 verlängert.
Als nächste Schrëtt ass an deene Beräicher eng Prefinanzéierung virgesinn. D’Bierger sollen doduerch net méi de komplette Montant am Viraus bezuele mussen. De Subsid géif direkt un de Betrib goen. Dat selwecht soll och bei der Elektromobilitéit agefouert ginn.
Serge Wilmes: Emissioune sinn ëm 3,5 Prozent gefall
Den Ëmweltminister weist och op d’Entwécklung vun den CO₂-Emissiounen hin. Dës wieren 2025 am Verglach mat 2024 ëm 3,5 Prozent zeréckgaangen.
Fir de Serge Wilmes ass dat en Zeechen, datt d’Klimapolitik vunn der Regierung Wierkung weist. Den Usproch bleift awer, méi séier virunzekommen. Klimaschutz soll dobäi mat Prozedure verbonne sinn, déi fir d’Leit einfach a verständlech sinn.
Subsiden: vun 13 Méint op dräi Méint
Och bei den administrativen Delaie soll et méi séier goen. Nach virun engem Joer hätt et deelweis 13 Méint gedauert, bis e Subsid fir eng Photovoltaikanlag oder eng Wärmepompel ausbezuelt gouf.
Mëttlerweil läit d’Dauer dem Ëmweltminister no bei ronn dräi Méint. D’Zil ass, op ee Mount erofzekommen. Zesumme mat der Prefinanzéierung soll dat Investitiounen an d’Energietransitioun méi attraktiv maachen.
Fossill Energiehëllefe sollen temporär sinn
Kritik gouf et un der Regierung, well beim Tripartite-Accord och fossil Energien ënnerstëtzt goufen. De Serge Wilmes verdeedegt dës Decisioun mat der Kafkraaft vun de Stéit.
D’Ënnerstëtzung wier vun himm nëmmen ënner der Konditioun akzeptéiert ginn, datt se zäitlech begrenzt bleift an d’Klimaziler net a Fro stellt. Laut Berechnunge vum Statec kennen déi national Klimaziler trotz dem Subventionnement op Bensin, Diesel a Mazout weider erreecht ginn.
Fir den Ëmweltminister ass d’Richtung domat kloer: Lëtzebuerg muss d’Emissioune weider reduzéieren an sech gläichzäiteg méi séier un d’Folge vum Klimawandel upassen. D’Mesurë dei Regierung op de Wee bruecht huet sollen dobäi net nëmme wierksam, mee och esou einfach wéi méiglech fir d’Bierger ëmzesetze sinn.
Replay:
Source: https://www.rtl.lu/news/national/serge-wilmes-emweltminister-1481765459