Déi éischt CSV-Summerakademie war e volle Succès!
An enger oppener a konstruktiver Atmosphär hunn d’Memberen an aner Participanten zesumme mat den Deputéierten a Focusgruppen Erfarungen, Meenungen an Iddien zu verschiddenen Themen ausgetosch an domat nei Impulser fir eis politesch Aarbecht ginn.
Entdeckt déi schéinste Momenter vun der Summerakademie an eiser Fotogalerie:
https://www.flickr.com/photos/204900353@N02/albums/72177720335462080/
Folgend Theme stoungen op der Summerakademie am Mëttelpunkt:
Politesch Bildung
Wéi bereede mir jonk Leit gutt op hir Roll an enger Demokratie vir? Dës Fro huet bei der Summerakademie eng wichteg Plaz ageholl. No zéng Joer Visocours an de Schoulen ass et Zäit ze kucken wat gutt funktionéiert a wou nach Verbesserunge méiglech sinn. Politesch Bildung soll net nëmme Wëssen vermëttelen, mee och Loscht maachen, sech anzebréngen, matzeschwätzen a Verantwortung ze iwwerhuelen.
Dobäi koum och d’Walrecht ab 16 Joer zur Sprooch. E fakultatiivt Walrecht kéint Jonker méi fréi un d’Politik eruféieren an hir Participatioun stäerken. Gläichzäiteg stellt sech d’Fro, wéi gutt si op esou eng Entscheedung virbereet sinn a wat et dofir an de Schoule brauch.
Eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht dem Zentrum fir Politesch Bildung, der Instruction civique, dem Jugendparlament an de Schoule kéint hei vill bewierken. Wa verschidden Acteuren un engem Strang zéien, kann Demokratie méi konkret, méi verständlech a méi no um Alldag vun de Jonke vermëttelt ginn.
KI am Déngscht vum Land
Kënschtlech Intelligenz ass längst am Alldag ukomm. Si verännert wéi mir schaffen, léieren, kommunizéieren a Servicer notzen. D’Fro ass also net méi ob KI eng Roll spillt, mee wéi mir se wëlle gestalten.
D’Chancë si grouss. KI kann Betriber méi effizient maachen, Salariéen entlaaschten an och den ëffentlechen Déngscht verbesseren. Mee net alles, wat technesch méiglech ass, ass och wënschenswäert. Entscheedungen, déi direkt Mënsche betreffen, brauchen Transparenz, Verantwortung a kloer Grenzen.
Besonnesch Kanner, Salariéen a vulnerabel Persoune mussen dobäi geschützt ginn. Fortschrëtt däerf net op Käschte vu Fräiheet, Privatsphär oder Fairness goen. Lëtzebuerg brauch dofir kloer Reegelen, Investitiounen an Technologie an eng staark europäesch Zesummenaarbecht. KI soll dem Mënsch déngen net ëmgedréint.
Drénkwaasserqualitéit zu Lëtzebuerg
Proppert Drénkwaasser ass keng Selbstverständlechkeet. Fir et och an Zukunft ze schützen, muss Lëtzebuerg gläichzäiteg op d’Ëmwelt an op d’Realitéit vun der Landwirtschaft kucken.
De Gebrauch vu Planzeschutzmëttel soll weider reduzéiert ginn. Fir d’Bauerebetriber muss dat awer och praktesch machbar a wirtschaftlech drobar bleiwen. Ëmweltschutz a Landwirtschaft däerfen net géinteneen ausgespillt ginn.
Zousätzlech stellen PFAS an TFA nei Erausfuerderungen duer. Hei brauch et Léisungen déi d’Waasser an d’Natur schützen ouni d’Produktioun onnéideg ze erschwéieren oder Betriber an d’Ausland ze verdrängen.
Dat selwecht gëllt fir d’Waasserschutzgebidder. Kloer Reegelen an efficace Schutz si wichteg, mee si musse mat deene Leit ausgeschafft ginn, déi all Dag um Terrain schaffen. Nëmmen esou fanne mir Léisungen, déi ekologesch Sënn maachen an och an der Praxis funktionéieren.
E resilient Lëtzebuerg
Wéi gutt si mir op déi nächst Kris virbereet? Déi lescht Joren hu gewisen, datt Lëtzebuerg net verschont blouf. Iwwerschwemmungen, Hëtztwellen, Tornadoen an aner Krisen hunn däitlech gemaach, wéi séier den Alldag aus dem Gläichgewiicht gerode kann.
Dofir ass et wichteg, ze wëssen, ob eis national a lokal Krisen- a Resilienzpläng wierklech funktionéieren. Dat gëllt besonnesch fir Infrastrukturen, op déi mir all Dag ugewise sinn: Energie, Kommunikatioun, Transport oder Waasser.
Drénkwaasser ass dobäi ee vun de sensibelste Beräicher. Och bei laanger Dréchent, Klimaverännerungen oder enger anerer Kris muss d’Versuergung séchergestallt sinn. Dat verlaangt net nëmme gutt Infrastruktur, mee och eng virausschauend Planung an eng kloer Strategie fir den Noutfall.
Resilienz heescht um Enn net, all Kris ze verhënneren. Et heescht, esou gutt virbereet ze sinn, datt d’Land séier reagéiere kann an och a schwéieren Zäite opérationnel bleift.
Jugendchômage
Den Iwwergang vun der Schoul an d’Aarbechtswelt ass fir vill Jonker net einfach. Dofir geet et beim Jugendchômage net nëmmen drëm méi Aarbechtsplazen ze schafen. Et geet och dorëm, déi Jonk besser op dat virzebereeden wat si um Aarbechtsmarché erwaart.
Dobäi spillt den Educatiounssystem eng zentral Roll. Léiere Jonker haut déi Kompetenzen déi se muer brauchen? Nieft Fachwëssen ginn digital Fäegkeeten, Flexibilitéit an d’Bereetschaft, ëmmer nees eppes Neies ze léieren ëmmer méi wichteg.
Kënschtlech Intelligenz wäert dës Entwécklung nach beschleunegen. Verschidde Beruffer wäerten sech veränneren, anerer wäerten nei entstoen. Fir déi Jonk kann dat eng Chance sinn, mee nëmmen dann wa si gutt op dëse Wandel virbereet ginn.
D’Aufgab ass also kloer: Bildung an Aarbechtsmarché musse méi mateneen schaffen, fir deene Jonken eng realistesch Perspektiv an e gudde Start an d’Beruffsliewen ze ginn.
Konflikter am Noen Osten: Positioun a Responsabilitéit vu Lëtzebuerg
D’Konflikter am Noen Osten beweegen och d’Leit zu Lëtzebuerg. D’Sécherheet vun Israel, d’Perspektiv vun enger Zwee-Staate-Léisung, d’Situatioun vun der palästinensescher Bevëlkerung an d’Entwécklungen am Iran werfen schwiereg politesch a mënschlech Froen op.
Och Lëtzebuerg muss sech dozou positionéieren. Als Member vun der Europäescher Unioun an vun internationalen Organisatioune kann d’Land net isoléiert handelen. Et muss seng Haltung mat senge Partner ofstëmmen an dobäi seng international Verantwortung eescht huelen.
Sanktioune kënnen dobäi een Instrument sinn. Si maachen awer nëmme Sënn, wa se geziilt, verhältnisméisseg a wierksam sinn. Et geet also net nëmmen ëm d’Fro ob Lëtzebuerg Sanktiounen ënnerstëtzt, mee och wat se konkret bewierke kënnen.
Genee esou wichteg ass d’Debatt hei am Land. Bei engem Thema, dat vill Emotiounen ausléist, brauche mir eng sachlech Diskussioun, déi Differenze aushält an net alles schwaarz-wäiss duerstellt. Fakten, Respekt an d’Bereetschaft, och aner Perspektiven ze héieren, sinn dofir entscheedend.