An enger Zäit, an där d'Liewenskäschte staark geklomme sinn, ass et eis Aufgab, d'Kafkraaft vun de Familljen nohalteg ze stäerken an ze schützen.
Dofir féiere mir ab dem 1. Januar 2027 eng Rei vu konkrete Mesuren an, déi d'Familljen am Alldag entlaaschten an hir finanziell Situatioun nohalteg verbesseren.
D'Kannergeld gëtt spierbar erhéicht: ëm 45 Euro pro Mount fir Kanner ënner 12 Joer an ëm 60 Euro pro Mount fir Kanner ab 12 Joer.
Och d'Allocation de rentrée scolaire gëtt däitlech verbessert. Si klëmmt vun 115 op 175 Euro fir Kanner vun 6 bis 11 Joer a vu 235 op 325 Euro fir Kanner ab 12 Joer.
Fir sécherzestellen, datt dës Ënnerstëtzunge laangfristeg hir Wierkung behalen, ginn d'Kannergeld, d'Allocation de rentrée scolaire, d'Gebuertszoulag an d'Allocation spéciale supplémentaire an Zukunft rëm automatesch indexéiert.
Sou bleift d'Kafkraaft vun de Familljen och bei steigende Liewenskäschte geschützt.
Eis Opmierksamkeet gëllt besonnesch deene Familljen, déi am Alldag op eng méi staark Ënnerstëtzung ugewise sinn. Dofir féiere mir eng nei zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung fir verschidde Famillje mat schoulflichtege Kanner an déi je no Alter vum Kand bis zu 3000€ pro Joer kann ausmaachen. Domat bekämpfe mir gezielt de Risiko vu Kanneraarmut an hëllefen domadder deene Familljen, déi dës Ënnerstëtzung am meeschte brauchen.
Op ee Bléck
- +45 € pro Mount Kannergeld fir Kanner ënner 12 Joer
- +60 € pro Mount Kannergeld fir Kanner ab 12 Joer
- Allocation de rentrée scolaire vun 175 € (6–11 Joer) an 325 € (ab 12 Joer)
- Automatesch Indexéierung vum Kannergeld, der Allocation de rentrée scolaire, der Gebuertszoulag an der Allocation spéciale supplémentaire
- Nei Sozialleeschtung fir verschidde Famillje mat schoulflichtege Kanner
- 300 € / 1.000 € / 3.000 € zousätzlech Hëllef jee no Alter vum Kand
Mat dëse Mesure investéiere mir an eis Familljen, stäerken hir Kafkraaft a suerge fir méi sozial Gerechtegkeet.