Bei beschtem Summerwieder hunn d’CSV-Partei an d’CSV-Fraktioun op hiert traditionellt Summerfest an den Hesper-Park invitéiert.
Vill Memberen, Sympathisanten a Gäscht hunn d’Geleeënheet genotzt, fir sech an enger entspaanter Atmosphär auszetauschen. Nieft gudde Gespréicher stoung virun allem d’Gesellegkeet an d’Freed um Zesummesinn am Mëttelpunkt.