Entrevue mat der UEL iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun

Am Virfeld vun der Consultatiounsdebatt iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun hat d'CSV-Fraktioun de 6. Juli eng Entrevue mat der UEL.

D'UEL huet d'Geleeënheet genotzt, fir hir konkret Propositioune virzestellen an op d'Schwieregkeeten opmierksam ze maachen, op déi d'Betriber bei der Organisatioun vun hirer Aarbechtszäit stoussen.

Fir d'CSV ass déi ustoend Debatt eng wichteg Geleeënheet, fir d'Gesetzgebung iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun ze moderniséieren an un d'Realitéite vun der haiteger Aarbechtswelt unzepassen, ouni dobäi de Schutz vun de Salariéen ze vernoléissegen