Am Virfeld vun der Consultatiounsdebatt iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun hat den Deputéierten an President vun der Aarbechtskommissioun Charles Weiler den 30. Juni eng Entrevue mat der Gewerkschaftsunioun aus LCGB an OGBL.
An deem Zesummenhang hu si ervirgehuewen, datt de Kollektivvertrag och an Zukunft fir si e wichtegt Instrument an der Aarbechtszäitorganisatioun muss bleiwen.
Fir d'CSV ass déi ustoend Debatt eng wichteg Geleeënheet, fir d'Gesetzgebung zur Aarbechtszäitorganisatioun ze moderniséieren an un d'Realitéite vun der haiteger Aarbechtswelt unzepassen.