Entrevue mat der nationaler Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren - ANIL

D’Presidentin vun der Santéskommissioun Françoise Kemp an de Rapporter vum Gesetzesprojet iwwert de Beruff vum Infirmier Ricardo Marques haten ee gudden Austausch mat de Vertriederinnen a Vertrieder vun der ANIL ( Association National des Infirmières et Infirmiers du Luxembourg ). Et goung em d’Upassung vum Gesetz iwwert d’Beruffsbild vum Infirmier, déi am Juli an am Hierscht virgeholl ginn. Mir maachen eis staark fir gutt ausgebilten Infirmieren, déi duerch d’Gesetz deen néidegen Encadrement kréie fir hire Beruff auszeüben.