De Réckbléck aus der Chamber

MÉI FAIRNESS, SÉCHERHEET AN UNERKENNUNG FIR INDEPENDANTEN

Independanten huelen all Dag Risiko, iwwerhuele Verantwortung, investéieren a schafen Aarbechtsplazen. An enger Aktualitéitsstonn  huet d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert ënnerstrach, datt Independanten eng Schlësselroll an eiser Ekonomie spillen an dofir méi Unerkennung, Fairness a Sécherheet verdéngen.

D’CSV setzt sech zanter Joren dofir an, Ongläichheeten tëscht Salariéen an Independanten ofzebauen – besonnesch am Beräich vum Chômage, vun der Pensioun an der sozialer Sécherheet. D’Zil ass net, Privileegien ze schafen, mee Gläichbehandlung fir déi Leit, déi sech selbstänneg maachen a Verantwortung iwwerhuelen.

Gläichzäiteg schafft d’Regierung un engem “Paquet Indépendants”, deen nach dëst Joer op den Instanzewee bruecht soll ginn. Och d’conjoints aidants solle gestäerkt ginn.

EE STAARKE STAAT, DEEN SECH KËMMERT OCH AN DER EKONOMIE

D’CSV steet fir e staarke Staat, deen sech ëm d’Mënschen, d’Betriber an d’Land këmmert, esou d’CSV-Deputéiert Octavie Modert am Kader vun enger Interpellatioun iwwert d’Roll vum Staat an der Ekonomie. Dobäi geet et net ëm méi oder manner Staat, mee ëm e bessere Staat: effizient, transparent, pragmatesch a verantwortungsvoll.

De Lëtzebuerger Modell huet sech besonnesch a Krisenzäite bewäert – sief et an der Finanzkris, der Covid-Kris oder der Energie- an Inflatiounskris. De Staat spillt eng wichteg Roll fir d’Kompetitivitéit ze stäerken, d’Kafkraaft ze schützen, d’sozial Kohäsioun ze garantéieren an d’Land op d’Erausfuerderunge vun der ekologescher an digitaler Transitioun virzebereeden.

D’CSV ënnerstëtzt dann och d’Motioun, de Conseil économique et social mat enger neier Etüd zur Roll vum Staat an der Ekonomie ze befaassen. Esou soll de Lëtzebuerger Modell weider moderniséiert, gestäerkt a méi transparent gemaach ginn.

Eng staark Ekonomie an ee staarke Staat ginn Hand an Hand, esou de Staatsminister Luc Frieden. De Staat soll d’fräi Maartwirtschaft net ersetzen, mee hir ee kloren, stabillen a previsibele Kader ginn. Lëtzebuerg brauch ee Staat, deen ënnerstëtzt, orientéiert a stabiliséiert - ouni d’Ekonomie duerch ze vill Bürokratie z’erstécken.

STUDENTEBÄIHËLLEFEN VEREINFACHT AN AKTUALISÉIERT

Studéiere soll net un de finanzielle Moyene scheiteren, esou den CSV-Deputéierte Ricardo Marques. D’CSV begréisst de Projet de loi iwwert d’Studentebäihëllefen, mat deem de System méi kloer a méi kohärent gëtt.

De Projet berücksichtegt ënner anerem besser d’Situatioun vu Studenten, déi Deelzäit studéieren oder nieft dem Studium schaffen. Verbesserungen ginn et donieft bei der Mobilitéitsbourse, dem Studenteprêt an et gëtt een neien Indexéierungsmechanismus. Nieft den Aschreiwungskäschten, ginn an Zukunft och aner Käschte, wéi zum Beispill d’Unerkennung vun Diplomer bis 3800 € pro akademescht Joer, iwwerholl.

NEI EUROPASCHOUL ZU SCHËFFLENG

Am Süde vum Land entsteet eng nei europäesch ëffentlech Schoul fir 500 Schüler am Primaire an 1.000 am Secondaire. Dëse Projet ass eng konkret Äntwert op d’wuessend Demografie an déi méi divers Besoine vun de Familljen, esou den CSV-Deputéierte Ricardo Marques.

Dës Offer soll eng Ergänzung zum traditionelle Lëtzebuerger Schoulsystem sinn, net säin Ersatz.

De Ricardo Marques huet awer och nach eng Kéier eng Evaluatioun vun de geplangten europäeschen an internationale Schoule gefuerdert, fir ze kucken, ob si wierklech de Méiwäert bréngen, deen d’Schüler an hir Famillje brauchen.

LIESEN, LÉIEREN, BEGÉINEN MÉI HËLLEFE FIR BIBLIOTHÉIKEN

Bibliothéiken si wichteg Plaze fir Bildung a Kultur, mee och ee sozialen Treffpunkt, esou d’Ausso vum CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf zum Gesetzesprojet iwwert d’Hëllefe fir Bibliothéiken.

D’finanziell Ënnerstëtzung vum Staat gëtt verbessert an un d’Entwécklung vun de Käschten ugepasst. Gläichzäiteg ginn d’Hëllefe fir Bicher, Material, kulturell Aktivitéiten, Liesungen an Digitalisatiounsprojete méi kloer gereegelt.

Fir d’CSV ass dëst Gesetz e wichtege Schrëtt, fir d’Bibliothéiken als ëffentlech, zougänglech a lieweg Raim ze stäerken – Plazen, wou Mënsche liesen, léieren, recherchéieren a sech begéinen.

KOHÄRENZ BEI DER PENSIOUNSREFORM FIR SPUERKEESS MATAARBECHTER

D’Pensiounsreform vun 2025 gesäit vir, datt Leit, déi scho virum 1. Januar 1999 am ëffentleche Secteur aktiv waren, net ënner déi nei Dispositioune falen an deemno och net méi laang musse cotiséieren. D’Agente vun der Spuerkeess waren an deem Kader awer net mat abegraff. Mat engem neie Gesetzestext gëtt dat elo nogeholl.

Betraff sinn eng 540 Spuerkeess-Mataarbechter, esou d’Rapportrice Diane Adehm.

FRÄIHEET OP OFDREIWUNG DEFINITIV AN DER VERFASSUNG VERANKERT

Eng Verfassungsännerung muss ëmmer duerch een zweete Vott an der Chamber confirméiert.

D’Deputéiert hunn dann och mat grousser Majoritéit d’Zoustëmmung ginn, dass d’Fräiheet op Ofdreiwung soll an d’Verfassung ageschriwwe ginn.

Den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet huet betount, dass näischt un der ablécklecher Legislatioun zum Avortement ännert. D’Fräiheet vun de Frae gëtt gestäerkt, mee d’Ofdreiwung däerf ni banaliséiert ginn.

STÄERKUNG VUM OBSERVATOIRE DE L’HABITAT

De Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg kritt eng méi kloer an transparent Datebasis. Mam Gesetz iwwert den Observatoire de l’habitat ginn d’Missioune vum Observatoire kloer definéiert: Donnéeë sammelen, zentraliséieren, wëssenschaftlech analyséieren an dem Public zougänglech maachen.

Gläichzäiteg ginn d’Onofhängegkeet, d’Gouvernance an den Austausch vun Donnéeë gesetzlech verankert, esou den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach. Fir d’CSV ass dëst e wichtege Schrëtt, fir d’Vertrauen an d’Zuelen ze stäerken an der Logementspolitik eng zolidd, transparent an objektiv Basis ze ginn.

LIEWENSMËTTELSÉCHERHEET VUM FELD BIS OP DEN TERRAIN

Mat der Ëmsetzung vun engem EU-Reglement gëtt den nationale Kader fir Fabrikatioun, Import, Export, Vermaartung an Notzung vu Planzeschutzmëttel moderniséiert.

De Projet schaaft méi kloer Kompetenzen, méi Rechtssécherheet an eng kohärent Organisatioun vun de Kontrollen, esou d’Rapportrice vum Gesetz, d’CSV-Deputéiert Octavie Modert. Am Mëttelpunkt stinn de Schutz vun der mënschlecher Gesondheet, vun Déieren a Planzen a vun der Ëmwelt.

Fir d’CSV ass wichteg, datt Konsumenten sech op sécher a gesond Liewensmëttel verloosse kënnen. Gläichzäiteg huet d’Octavie Modert betount, datt Planzeschutzmëttel an der Landwirtschaft a besonnesch am Wäibau a verschiddene Situatiounen néideg sinn, fir Kulturen ze schützen. Dofir brauch et kloer Kontrollen, mee och Versteesdemech a Proportionalitéit vis-à-vis vun de Betriber um Terrain.

D’Landwirtschaftsministerin Martine Hansen huet ënnerstrach, dass mer och beim Planzeschutz kloer Reegele brauchen a mat dësem Gesetz ee klore Kader geschaf gëtt.

DIGITAL ZUKUNFT OCH ENG FRO VU CLOUD AN ENERGIE

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet an enger erweiderter Fro d’digital Souveränitéit vu Lëtzebuerg an Europa thematiséiert. Hie wollt wëssen, wéi Lëtzebuerg sech am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz positionéiert a wéi d’Land déi néideg Infrastrukturen dofir séchere wëll.

Am Mëttelpunkt stoungen d’Froe vu Cloud-Léisungen, Datenzentren, Datekapazitéiten a besonnesch och der Energieversuergung. De Laurent Mosar huet betount, datt KI nëmme ka funktionéieren, wann déi technesch an energeetesch Basis dofir do ass.

An der Äntwert huet den zoustännege Minister ënnerstrach, datt Lëtzebuerg op sécher, vertrauenswierdeg an europäesch agebett Infrastrukture setzt. Gläichzäiteg ass kloer: Lëtzebuerg wäert net op iwwerdimensionéiert Datenzentre setzen, mee op geziilt Léisungen, déi zu de Kapazitéiten an de Stäerkte vum Land passen.

MODERNE KADER FIR D’FUERSCHUNG

Lëtzebuerg kritt e moderniséierte Kader fir seng Fuerschung. D’CSV-Deputéiert Françoise Kemp huet an der Chamber de Gesetzesprojet begréisst, mat deem de Fonds national de la recherche un d’Entwécklunge vun de leschte Joren ugepasst gëtt.

D’Reform aktualiséiert d’Missioune vum FNR, stäerkt d’Gouvernance a schaaft méi Kloerheet bei der Doktoratsausbildung.

Fir d’CSV ass eng staark Fuerschung eng zentral Viraussetzung fir Innovatioun, Kompetitivitéit, technologesch Souveränitéit a gutt politesch Decisiounen. Dëse Projet mécht den FNR fit fir d’Zukunft.

CHANCEN A RISIKEN VUM INDUSTRIAL ACCELERATOR ACT

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet an enger erweiderter Fro den Industrial Accelerator Act thematiséiert. Hie wollt wëssen, wéi dës europäesch Initiativ d’Industrie an Europa stäerke soll, wéi realistesch hir Ëmsetzung ass a wéi eng Chancen a Risiken sech fir Lëtzebuerg als oppen Ekonomie erginn.

Am Mëttelpunkt stinn d’Froe vun der industrieller Resilienz, dem Ofbau vu strategeschen Ofhängegkeeten an der administrativer Vereinfachung. Gläichzäiteg huet de Laurent Mosar gewarnt, datt eng europäesch Industriepolitik net an en ze staarke Protektionismus däerf ëmkippen.

EU ERWEIDERUNG AMBITIÉIS, FAIR, VERANTWORTUNGSVOLL

Den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet huet de Premier ëm Kloerheet zur Positioun vu Lëtzebuerg bei der EU-Erweiderung gefrot.

De Staatsminister Luc Frieden huet méiglech Divergenzen an der Regierung kloer dementéiert a betount, dass Lëtzebuerg zu enger EU-Erweiderung steet, mee nëmme mat klore Konditiounen a staarke Garantien am Beräich vun der Rechtsstaatlechkeet.

REEBËSCH SCHÜTZEN NOHALTEG FINANZEN AUSBAUEN

Tropical, Forest Forever Facility (TFFF) ass eng international Initiative, déi hëllefe soll tropesch Reebëscher ze schützen. Den CSV-Deputéierte Maurice Bauer wollt vum Finanzminister wëssen, wéi TFFF funktionéiert, wéi eng Chancen dës Initiativ fir d’Lëtzebuerger Finanzplaz bitt, a wéi et generell ëm de Beräich Green and Sustainable Finance steet.

Lëtzebuerg, esou de Finanzminister Gilles Roth, investéiert 50 Milliounen Euro iwwer 5 Joer an dëse Mechanismus fir de Schutz vun tropesche Bëscher. De Sëtz vum Investmentfong kënnt op Lëtzebuerg - eng wichteg Unerkennung fir d’Expertise vun eiser Finanzplaz am Beräich vun den nohaltege Finanzen.