Ëmsetzung vum europäesche Migratiouns- an Asylpakt
D’Deputéiert schaffe weider un de Gesetzesprojeten, mat deenen den europäesche Migratiouns- an Asylpakt an nationaalt Recht ëmgesat soll ginn. Déi zwee Projete ginn en Dënschdeg, den 9. Juni, an der ëffentlecher Sëtzung vun der Chamber debattéiert an ofgestëmmt.
Konkret geet et ënner anerem dorëms, d’Identitéit vu Persounen, déi sech an enger irregulärer Situatioun befannen, méi einfach a méi kloer festzestellen.Donieft sinn Upassunge beim Accueil vu Persounen, déi internationale Schutz ufroen, virgesinn. Si sollen an Zukunft schonn no véier Méint Zougang zum Aarbechtsmaart kréien.
Bildung: Lycée zu Schëffleng an national Elterevertriedung
D’Deputéiert beschäftegen sech mam neie Lycée zu Schëffleng, deen d’Schoulangebot an der Regioun erweidere soll. Donieft steet d’national Elterevertriedung am Fokus. Hei geet et ëm d’Roll vun den Elteren am Schoulsystem an ëm d’Fro, wéi si op nationalem Niveau besser agebonne kënne ginn.
En nationalen Referenzzenter fir affektiv a sexuell Gesondheet
D’Deputéiert kréien de Gesetzesprojet 8630 presentéiert. Mat dësem Projet soll en nationale Referenzzenter fir d’Fërderung vun der affektiver a sexueller Gesondheet geschaf ginn. Zil vum Zentrum ass et, zum allgemenge Wuelbefanne vun de Leit bäizedroen an dobäi d’Diversitéit vun all Persoun ze respektéieren.
"Platzverweis renforcé" a Reform vum Gemengegesetz
An der Innenkommissioun gëtt weider um wichtege Gesetzesprojet iwwer de verstäerkte Platzverweis geschafft. Donieft steet och d’Reform vum Gemengegesetz um Programm. Hei geet et ënner anerem dorëms, de Fonctionnement vum Gemengerot a vum Schäfferot unzepassen. Zousätzlech sollen d’Méiglechkeete fir lokal Biergerbedeelegung moderniséiert ginn.
Lëtzebuerg an internationale Friddensmissiounen
D’Deputéiert kréien och den trimestrielle Punkt iwwer d’Lëtzebuerger Bedeelegung un internationale Friddensmissioune presentéiert. Dobäi geet et och ëm d’Verlängerung vun der Participatioun vun der Lëtzebuerger Arméi un der EU-Missioun EUMAM UA, déi d’Ukrain ënnerstëtzt.
Videoiwwerwaachung, Schoulbau an intelligent Transportsystemer
Ënner anerem geet et ëm d’Videoiwwerwaachung am ëffentlechen Transport. D’Deputéiert beschäftegen sech domat, wéi d’Sécherheet am ëffentlechen Transport weider gestäerkt ka ginn.
Donieft gëtt de Gesetzesprojet 8674 presentéiert. Hei geet et ëm d’Schafe vun enger internationaler Schoul mat Internat zu Munneref. Geplangt ass eng Kapazitéit vun 1.690 Schüler, verdeelt op 78 Klassen. De Budget fir de Projet läit bei 211 Milliounen Euro.
Mat Projet 8689 sollen europäesch Reegelen iwwer intelligent Transportsystemer an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Zil ass et, datt Lëtzebuerg intelligent Transportdaten an Zukunft besser asetze kann an den Austausch vun dësen Donnéeë vereinfacht gëtt.
Landwirtschaft: „Natur genéissen“, Generatiounswiessel, an EKABE
D’Kommissioune fir Landwirtschaft an Ëmwelt kommen an enger gemeinsamer Sëtzung zesummen. Am Fokus steet d’Zukunft vum Programm „Natur genéissen“.
Och gëtt sech mat der Fro beschäftegt, wéi lokal, biologesch a nohalteg Produiten nach besser an der kollektiver Restauratioun ofgesat kënne ginn.
Ausserdeem soll de Rapport iwwer d’Gesetz zu de Planzeschutzmëttel ugeholl ginn.
E weidere wichtege Punkt ass de Generatiounswiessel an der Landwirtschaft. Hei geet et ëm d’Fro, wéi jonk Baueren ënnerstëtzt kënne ginn a wéi d’Zukunft vun de landwirtschaftleche Betriber zu Lëtzebuerg geséchert ka ginn.
Am Dossier EKABE geet et ëm d’Kënnegung vun de Kontrakter vu méi wéi 60 Lëtzebuerger Baueren.
Zum Schluss gëtt d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen Erklärungen zum Landwirtschaftsdësch vum 5. Juni 2026.
Ännerunge beim Observatoire de l’habitat
An der Kommissioun fir Logement a Landesplanung beschäftegen d'Deputéiert sech mam Observatoire de l'Habitat, engem wichtegen Instrument, dat d’Entwécklungen um Wunnengsmaart analyséiert an esou eng Basis fir politesch Decisioune liwwert.