Zu London ass de Paul Galles mat der offizieller Medail vun den Demokratesche Kräfte vu Belarus ausgezeechent ginn. Iwwerreecht gouf si vun der belarussescher Oppositiounsleaderin Sviatlana Tsikhanouskaya.
Domadder gouf dem Paul Galles säin Engagement ronderëm d’„Luxembourg Solutions“ gewierdegt. Dobäi handelt et sech ëm eng Sammlung vu konkrete politesche Proposen, déi dozou bäidroe sollen, d’Liewe vun de bal enger Millioun Belarussen ze verbesseren, déi duerch d’Diktatur an den Exil gedriwwe goufen.
D’Auszeechnung ass e staarkt Zeeche vun internationaler Solidaritéit mat de Mënschen a Belarus.
Fir de Paul Galles ass et wichteg, Verantwortung iwwer déi national Grenzen eraus ze iwwerhuelen, d’europäesch Eenheet ze stäerken an sech konsequent fir Demokratie, Rechtsstaatlechkeet a Mënscherechter anzesetzen.
E besonnesche Merci huet hien der Sviatlana Tsikhanouskaya, der Tatiana Termacic, souwéi all senge Frënn aus Belarus ausgeschwat. Säi Merci goung och un d’Parlamentaresch Assemblée vum Europarot, déi dëse Prozess begleet an ënnerstëtzt huet.